Zuchaccident zu Zoufftgen

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Zuchongléck zu Zoufftgen)
D'Plaz vum Accident
D'Automotrice vun der CFL a Richtung Diddenuewen gekuckt.
D'Onglécksplaz op der franséisch-lëtzebuergescher Grenz

Beim Zuchaccident zu Zoufftgen sinn den 11. Oktober 2006 e Persounenzuch an e Gidderzuch op der franséisch-lëtzebuergescher Grenz bei der Uertschaft Zoufftgen kollidéiert.

Géint Véirel vir 12 sinn um PK 203,700 d'Automotrice 2207 vun den CFL an e franséische Gidderzuch vun der Verbindung Basel - Beetebuerg op der Héicht vun der Grenz frontal kollidéiert.

Well de Persounenzuch zum Zäitpunkt vum Ongléck nach zum Deel op Lëtzebuerger Territoire stoung, hat d'Accident en internationale Charakter.

Ëmstänn[änneren | Quelltext änneren]

Den internationale Streckenofschnëtt vun der Eisebunnsstreck Beetebuerg-Metz tëscht der Gare vu Beetebuerg an der Gare vun Diddenuewen besteet aus zwee Gleiser. Déi normal Fuerrichtung op der Streck ass um rietse Gleis. Si ass mat engem automatesche Liichtblock a mat enger Installation permanente de contre-sens ausgerëscht, déi et erlaabt datt d'Streck och a Géigerichtung d. h. um lénkse Gleis ka befuer ginn.

Mëttwochs den 11. Oktober 2006 huet wéinst Aarbechten um franséischen Eisebunnsnetz d'Gleis Diddenuewen - Beetebuerg (och als Gleis 2 bezeechent) missen tëscht 8:50 Auer a 16:30 Auer gespaart ginn. D'Zich a béide Richtunge sinn dowéinst um Gleis Beetebuerg - Diddenuewen (Gleis 1) gefuer. Tëscht de PKen 191,600 an 198,400 gouf wéinst dem Schantjen temporär eng Vitesslimitt (ralentissement temporaire) vu 60 km/h ageriicht.

Wärend e Gidderzuch vun der SNCF op deem Gleis a Richtung Beetebuerg ënnerwee war ass e Persounenzuch vun der CFL vum Stellwierk Beetebuerg um selwechte Gleis a Richtung Diddenuewen geschéckt ginn. Déi zwéin Zich si géint 11:44 Auer um Territoire vun der franséischer Gemeng Zouftgen um PK 203,700 net wäit vun der franséisch-lëtzebuergescher Grenz anenee gerannt[1].

Rettungsplang[änneren | Quelltext änneren]

Chronologie[änneren | Quelltext änneren]

Schichtwiessel um Stellwierk Beetebuerg[änneren | Quelltext änneren]

D'Accident huet sech am spéide Moien zougedroen, zur Zäit, wéi um Beetebuerger Stellwierk (PDC) e Schichtwiessel vu véier Aarbechtsplaze war:

  • E Fuerdéngschtleeder (chef de circulation), deen d'Verantwortung am Betrib fir de Verkéier am Beräich vum Stellwierk Beetebuerg hat.
  • En Zuchmelder (annonceur train), deen - wéi den Numm et scho seet - mat de Nopeschstellwierker Zuchmeldungen ausgetosch huet fir ze wësse wat fir Zich an de Beräich vum Stellwierk Beetebuerg erafueren an déi Zuchmeldungen am Zuchmeldebuch ageschriwwen huet.
  • E Weichesteller fir d'Haaptgleiser (Weichesteller 1)
  • E Weichesteller fir d'Niewegleiser (Rangéierbetriib, Weichesteller 2)

Am Laf vun den Ermëttlungen huet sech erausgestallt, datt verschidden Agente vun der Moiesschicht hire Poste verlooss haten, ier hir Ofléisung do war.

Déi follgend Tabell stellt d'Presenzen um Stellwierk Beetebuerg am spéide Moie vum 11. Oktober 2006 duer:

Funktioun Moiesschicht Owesschicht
Fuerdéngschtleeder Verléisst d'Stellwierk um 11:30 Auer Kënnt um 11:34 Auer un
Zuchmelder Verléisst d'Stellwierk um 11:30 Auer Kënnt um 11:28 Auer un
Weichesteller 1 Verléisst d'Stellwierk um 11:15 Auer Kënnt um 11:25 Auer un
Weichesteller 2 Verléisst d'Stellwierk um 11:27 Auer Kënnt um 11:43 Auer un

Am Deel iwwer den Oflaf vum Accident gëtt de Schichtwiessel net méi ernimmt. D'Schicht gëtt nëmme bei den Agente vun der Moiesschicht preziséiert, wa keng Prezisioun, wat d'Schicht ubelaangt, do steet, dann ass d'Owesschicht gemengt.

Oflaf[änneren | Quelltext änneren]

8:56 Auer: Spär vum Gleis 2 (Diddenuewen - Beetebuerg).

10:41 Auer: Arrivée vum Gidderzuch 45938 mat ongeféier fënnef Minutten Avance zu Diddenuewen.

11:07 Auer: Den Zuchmelder vun der Moiesschicht mellt dem Agent circulation 1 vun Diddenuewen den Depart vum TER 837615 (net den Ongléckszuch). Gläichzäiteg gëtt ausgemaach, no der Arrivée vum TER zu Diddenuewen de Gidderzuch 45938 weider a Richtung Beetebuerg fueren ze loossen (a Géigerichtung).

11:09 Auer: Pénktlechen Depart vum TER 837615 zu Beetebuerg.

11:26 Auer: Arrivée vum TER 837615 zu Diddenuewen.

11:27 Auer: Den Agent circulation 1 vun Diddenuewen mellt dem Zuchmelder vun der Moiesschicht den Depart vum Gidderzuch 45938 (a Géigerichtung).

11:28 Auer: Depart vum Gidderzuch 45938 mat ongeféier 40 Minutte Retard zu Diddenuewen. Den Zuchmelder vun der Moiesschicht leet d'Meldung iwwert den Depart vum Gidderzuch 45938 zu Diddenuewen un de Fuerdéngschtleeder vum PDT (Stellwierk vum Triage) weider.

11:30 Auer: Pénktlechen Depart vum TER 837617 vun der Gare Lëtzebuerg a Richtung Beetebuerg.

11:39 Auer: De Fuerdéngschtleeder vum PDC freet eng RST-Verbindung mam Maschinist vum TER 837617 bei der Permanence.

11:40 Auer: Den TER 837617 hält virum Haaptsignal Dm. D'RST-Verbindung tëscht dem PDC an dem TER steet; de Fuerdéngschtleeder vum PDC fänkt un dem Maschinist vum TER 837617 e schrëftleche Befeel vir d'Laanschtfueren um zouenen (rouden) Haaptsignal Dm ze diktéieren, well en net erkannt huet, datt e Gidderzuch a Géigerichtung ënnerwee ass an denkt, op sengem Stellwierk léich eng Stéierung vir.

11:42 Auer: Enn vun der Dictée vum schrëftleche Befeel. Den TER 837617 fiert weider a Richtung Diddenuewen; de Gidderzuch 45938 ass nach ëmmer op dem selwechte Gleis a Géigerichtung ënnerwee. De Fuerdéngschtleeder vum PDC gëtt vum Fuerdéngschtleeder vum PDT doriwwer informéiert, datt de Gidderzuch nach net am Triage ukomm ass. De Fuerdéngschtleeder vum PDC probéiert d'RST-Zentral erëm ze kontaktéieren, mee d'Leitung ass besat, doropshi freet hien de Weichesteller 1 en RST-Alarm mat Hëllef vun deem dofir geduechte Knäppchen ze lancéieren.

11:43 Auer: De Fuerdéngschtleeder vum PDC versicht nach eng Kéier d'RST-Zentral ze erreechen, mee déi ass nach ëmmer besat. Dowéinst rifft hien d'Permanence (wou d'RST-Zentral steet a bedéngt gëtt) iwwer eng direkt Leitung u fir sech ze renseignéieren op den RST-Alarm funktionéiert huet. D'Permanence informéiert hien datt keen Alarm ofgesat ginn ass a gëtt vum Fuerdéngschtleeder gefrot, dësen auszeléisen.

11:44 Auer: Den Zuchmelder freet den Agent circulation 1 vun Diddenuewen wou de Gidderzuch drun ass. Dësen äntwert, de Gidderzuch misst ongeféier op der Grenz sinn. De Weichesteller 2 probéiert de Stroum aus de Catenairen ze huelen an dréckt op den néidege Knäppchen (dëse wierkt sech allerdéngs just op d'Niewegleiser, net awer op d'Haaptgleiser wéi z. B. och déi a Richtung Diddenuewen, aus).

11:44:27 Auer: Kollisioun. D'Permanence rifft de Régulateur Sous-Stations (deen, dee sech ëm d'Alimentatioun op den Haaptgleiser këmmert) un, a freet hien de Stroum op all den Haaptgleiser auszeschalten, wat dësen direkt mécht.

11:45 Auer: Den Zuchmelder vu Beetebuerg informéiert den Agent circulation 1 vun Diddenuewen iwwer d'Situatioun.

12:05 Auer: De PDC gëtt vum Stellwierk Diddenuewen iwwer d'Kollisioun informéiert.

Bilan[änneren | Quelltext änneren]

De Bilan vum Accident war:

  • 6 Doudeger, 2 Lëtzebuerger a 4 Fransousen, dorënner de Maschinist an en Aarbechter deen op dem gespaarte Gleis geschafft huet
  • 1 schwéier blesséierte Fransous, deen an e Spidol op Lëtzebuerg transportéiert gouf
  • 15 liicht Blesséierter, dorënner och Leit, déi ënner engem Schock gelidden hunn, an déi op Diddenuewen an an d'Stad Lëtzebuerg bruecht goufen[2].

Enquête[änneren | Quelltext änneren]

Well d'Accident a Frankräich an zu Lëtzebuerg passéiert ass, hunn de Parquet vun Diddenuewen a vu Lëtzebuerg parallel eng Enquête opgemaach, fir ze kläre wie Schold wier.

De Prozess[änneren | Quelltext änneren]

Den 8. Oktober 2007 huet de Stater Parquet sechs Agente vum CFL wéinst onfräiwëllegem Doudschlag an onfräiwëlleger Kierperverletzung ugeklot. D'Charge géint zwéin Direktiounsbeamte goufen am weidere Verlaf fale gelooss.

An éischter Instanz goufen den 29. Januar 2009 verurteelt:

De Fuerdéngschtleeder vun der Spéitschicht zu 48 Méint, dovu 24 Méint mat Sursis,
den Zuchmelder zu 46 Méint Prisong ouni Sursis,
de Weichesteller zu 12 Méint Prisong mat Sursis,
de Fuerdéngschtleeder vun der Fréischicht zu 6 Méint Prisong mat Sursis.

Ausser dem Weichesteller goungen déi aner dräi an Appell.

Den 23. September 2009 huet de Prozess an zweeter Instanz um Appellatiounshaff ugefaangen. D'Uerteel war dat heiten:

De Fuerdéngschtleeder vun der Owesschicht, deen deemools de fatale Schrëftleche Befeel (Ordre écrit) ausgestallt hat, deen derzou gefouert huet, datt zwéin Zich um selwechte Gleis ënnerwee waren, an den Zuchmelder vun der Owesschicht krute manner héich Strofe wéi an 1. Instanz, dat heescht 30 Méint Prisong, dovu 24 Méint mat Sursis an eng Geldstrof vun allkéiers 5.000 Euro,
de Fuerdéngschtleeder vun der Moiesschicht koum am Appell ouni Prisongsstrof dovun, huet awer och 5.000 € bezuele missen.
D'Zivilparteien hunn iwwerdeems an engem 1. Volet am Ganzen 105.000 € zougesprach kritt[3],[4].

Monument[änneren | Quelltext änneren]

d'Monument (2017)

Op der Plaz vum Accident gouf 2009 nieft de Gleiser am Bësch e Monument mat zwéi marber Stäiler opgeriicht, fir un d'Affer z'erënneren[5].

Zuchaccident zu Diddeleng[änneren | Quelltext änneren]

De 14. Februar 2017 koum et ongeféier 1500 Meter méi nërdlech op der nämmlechter Linn zu enger änlecher Kollisioun.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Zuchaccident zu Diddeleng.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Dossier sur la collision ferroviaire survenue le 11 octobre 2006 à la frontière franco-luxembourgeoise à Zoufftgen
  2. Communiqué de presse n°16 (archivéiert) Den endgültege Bilan vun der franséischer Säit (op Franséisch).
  3. Arrêt dans l'affaire Zoufftgen justice.public.lu, 19.01.2011.
  4. "Erënnerung un den Zuchaccident vu Zoufftgen." rtl.lu, Leschten Update: 14.02.2017, 11:23:31.
  5. Les CFL et la SNCF se recueillent