David Lynch: Ënnerscheed tëscht de Versiounen
geknäipt bei de: |
(Keen Ënnerscheed)
|
Versioun vum 09:07, 20. Jan. 2015
Den David Keith Lynch, gebuer den 20. Januar 1946 zu Missoula, am Montana, ass e US-amerikanesche Kënschtler, dee virun allem fir seng Filmer bekannt ass, ma och als Produzent, Dréibuchauteur, Schauspiller, Moler, Fotograf, Designer a Komponist aktiv ass.
Seng Filmer sinn eng Mëschung aus verschiddene Genren, wéi dem surrealistische Film, dem Thriller, dem Horrorfilm an dem Film noir. Bekannt gouf de Lynch mat Eraserhead (1977), dono Filmer wéi Elephant Man (1980), Dune (1984), Blue Velvet (1986), der Teleesserie Twin Peaks (1990–1991), an de Filmer Lost Highway (1997) a Mulholland Drive (2001). 1990 krut hien d'Gëlle Palm vu Cannes fir Wild at Heart
Wierker
Filmografie
Spillfilmer
Joer | Titel | Fonction |
1977 | Eraserhead | Regisseur, Dréibuchauteur a Produzent |
1980 | Elephant Man | Regisseur an Dréibuchauteur |
1984 | Dune | Regisseur, Dréibuchauteur a Schauspiller |
1986 | Blue Velvet | Regisseur Dréibuchauteur |
1988 | Zelly & Me | Schauspiller |
1990 | Wild at Heart | Regisseur an Dréibuchauteur |
1991 | Das Kabinett des Dr. Ramirez | Produzent |
1992 | Twin Peaks | Regisseur, Dréibuchauteur, Produzent a Schauspiller |
1994 | Nadja | Produzent a Schauspiller |
1997 | Lost Highway | Regisseur an Dréibuchauteur |
1999 | The Straight Story | Regisseur |
2001 | Mulholland Drive | Regisseur an Dréibuchauteur |
2006 | Inland Empire | Regisseur, Dréibuchauteur a Produzent |
2008 | Under Control | Produzent |
2009 | My Son, My Son, What Have Ye Done | Produzent |
2014 | A Fall From Grace | Schauspiller |
Ausserdeem huet hien eng Rëtsch Kuerzfilmer an Dokumentarfilmer gedréint, sou wéi och Televisiounsserien an deen een oder anere Videoclip.
Discographie
Albumen |
---|
|
Ausstellungen
|
|
Um Spaweck
Commons: David Lynch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offizielle Website vum David Lynch