Op den Inhalt sprangen

Politesch Korrektheet: Ënnerscheed tëscht de Versiounen

Vu Wikipedia
Inhalt geläscht Inhalt derbäigesat
k clean up, replaced: geschafen → geschaaft (2), geschafe → geschaaft, schaaftt → schaft, geschaft → geschaaft using AWB
Bdx (Diskussioun | Kontributiounen)
neokonservativ Propaganda
Linn 1: Linn 1:
'''Politesch Korrektheet''' (''Political Correctness'', ''PC'', "pee-see" ausgeschwat) ass e Phenomen an de Sproochen wat drop higeet, all Zorte vun [[Diskriminatioun]] ofzeschafen andeems Wierder mat negativer oder vermeintlech negativer Konnotatioun duerch neigeschaaft an doduerch nach wäertfräi Wierder z'ersetzen.
'''Politesch Korrektheet''' (aus dem engleschen: ''Political Correctness'', kuerz ''PC'') ass e Phenomen an de Sproochen wat drop higeet, all Zorte vun [[Diskriminatioun]] ofzeschafen andeems Wierder mat negativer oder vermeintlech negativer Konnotatioun duerch neigeschaaft an doduerch nach wäertfräi Wierder z'ersetzen.


== Originne vun der Politescher Korrektheet==
Well d'Verfechter vun der Politescher Korrektheet sech an der Roll vun enger Sproochepolice gesinn an hir nei Sproochform der Allgemengheet carrément opzwénge wëllen, ass den Terme ''Politesch Korrektheet'' mëttlerweil selwer dacks negativ besat am Sënn vun Aschränkung vum fräien Denken a Schwätzen.

== Originne vu PC ==


Ursprénglech huet de Begrëff ''Politesch Korrektheet'' just déi loyal Ënnerstëtzung vun enger politescher Partei viséiert. Zanter den 1960er Jore gouf en awer am Kader vun der [[Biergerrechtsbewegung]] an der zweeter Well vun der [[Feminismus|feministescher]] Bewegung fir d'moralpolitesch Beuerteelung vu Sprooch a Verhalensweise gebraucht. An den 1990er Jore gouf et dunn eng Géigebewegung, an den USA vun den Neokonservativen déi et als politesche Kampfbegrëff vu lénkser Ideologie refuséieren, an an Europa souwuel vu Rietsen, déi an der Politescher Korrektheet eng Beschneidung vun der Meenungsfräiheet gesinn, wéi vu Lénksgeriichten, déi doran eng Gefor fir d'Demokratie gesinn, well selfernannte politesch korrekt Dugendwächter ganz Themeberäicher zum [[Tabu]] erklären an alle oppen Diskussioun mam Faschismus- Rassismus oder Sexismusknëppel néierhaen, a sou all anescht Denkenden als Aussätzege vun der sozialer an/oder politescher Bühn écartéieren.
Ursprénglech huet de Begrëff ''Politesch Korrektheet'' just déi loyal Ënnerstëtzung vun enger politescher Partei viséiert. Zanter den 1960er Jore gouf en awer am Kader vun der [[Biergerrechtsbewegung]] an der zweeter Well vun der [[Feminismus|feministescher]] Bewegung fir d'moralpolitesch Beuerteelung vu Sprooch a Verhalensweise gebraucht. An den 1990er Jore gouf et dunn eng Géigebewegung, an den USA vun den Neokonservativen déi et als politesche Kampfbegrëff vu lénkser Ideologie refuséieren, an an Europa souwuel vu Rietsen, déi an der Politescher Korrektheet eng Beschneidung vun der Meenungsfräiheet gesinn, wéi vu Lénksgeriichten, déi doran eng Gefor fir d'Demokratie gesinn, well selfernannte politesch korrekt Dugendwächter ganz Themeberäicher zum [[Tabu]] erklären an alle oppen Diskussioun mam Faschismus- Rassismus oder Sexismusknëppel néierhaen, a sou all anescht Denkenden als Aussätzege vun der sozialer an/oder politescher Bühn écartéieren.


== Beispiller vu PC ==
== Beispiller vun der Politescher Korrektheet ==


=== Gebriechebezunn ===
=== Kierperlech Aschränkungen ===
Formuléierungen déi als ze negativ opgelueden ugesi gi sinn, wéi "Krëppel" oder "Mongol", goufen ënner dem Sammelbegrëff "Handikapéierten" zesummegefaasst, deen duerno selwer duerch "Behënnerten" ersat gouf. Besonnesch an den USA ass et Moud, nach e Schrack méi wäit ze goen an de Fokus vum Gebriechen ewech op dat Postivt ze zéien, a sou z. B. aus engem "geeschteg Behënnerten" en "anescht Begabten" an aus engem "Klengen" e "vertikal Erausgefuerdeten" ze maachen.


Formuléierungen déi als ze negativ opgelueden ugesi gi sinn, wéi "[[Krëppel]]" oder "Mongol", goufen ufanks ënner dem Sammelbegrëff "Handikapéierten" zesummegefaasst. Haut ginn méi neutral Ausdréck wéi "Mënsche mat Behënnerung" benotzt.
=== Geschlechtsbezunn ===

=== Geschlecht ===


Fir d'Frae sproochlech méi siichtbar ze maache musse se aus gemëscht-geschlechtleche Gruppen extra ervirgehuewe ginn, entweder duerch Eenzelnennung ("Wieler a Wielerinnen", ), Bannen-I ("WielerInnen") oder Klamer ("Wieler(innen)"). Bäi sozial net sou gutt ugesinnene Beruffer gëtt dogéint e geschlechtsneutrale Begrëff gesicht (aus "Botzfra" gëtt "Botzkraaft").
Fir d'Frae sproochlech méi siichtbar ze maache musse se aus gemëscht-geschlechtleche Gruppen extra ervirgehuewe ginn, entweder duerch Eenzelnennung ("Wieler a Wielerinnen", ), Bannen-I ("WielerInnen") oder Klamer ("Wieler(innen)"). Bäi sozial net sou gutt ugesinnene Beruffer gëtt dogéint e geschlechtsneutrale Begrëff gesicht (aus "Botzfra" gëtt "Botzkraaft").


=== Rassebezunn ===
=== Ofstamung an Ethnie ===
Den "Neger" gouf als éischt e "Schwaarzen" an dunn e "Faarwegen" oder "Afroamerikaner" (den éischten "Afrodäitsche" gouf scho gesinn, da wäert den "Afrolëtzebuerger" net méi wäit sinn). An deem Kontext kann een och den "Negerkuss" gesinn, deen zum "Schockelaskuss" mutéiert ass, a souguer dem [[Agatha Christie]] säi Buch vun 1939 ''Zehn kleine Negerlein'', wat no Protester, vum Scherz-Verlag 1989 an ''Und dann gab's keine mehr'' ëmbenannt gouf.


De Begrëff "Neger" ass an der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert aus dem ëffentleche Sproochgebrauch verschwonnen a gëtt haut als staark disrkiminéirend empfond. E gouf duerch aner Begrëffer ersat, wéi "Schwaarzen", "Faarwegen" oder "Afroamerikaner" (an den USA).<ref>Duden: [http://www.duden.de/rechtschreibung/Neger#Bedeutung1 ''Neger'']</ref> An deem Kontext sinn och Begrëffer wéi "Negerkuss" gesinn zu "Schockelaskuss" oder "Schaumkuss" mutéiert.<ref>Duden: [http://www.duden.de/rechtschreibung/Negerkuss 'Negerkuss'']</ref> Der [[Agatha Christie]] hire Roman ''Ten Little Niggers'' (op Däitsch: ''Zehn kleine Negerlein'') vun 1939 ass schonn an den 1940er an den USA a spéider och an England ënner dem Titel ''And Then There Were None'' (''Und dann gab's keine mehr'') verëffentlecht ginn.<ref>insightbb.com: [http://home.insightbb.com/~jsmarcum/agatha40.htm ''An American Tibute to Agatha Christie]''</ref>
D'Politesch Korrekheet verlaangt och, all Volleksgruppe just nach no hirer Eegebezeechnung ze benennen. Sou ginn "Eskimoen" zu "Inuit" an "Zigeiner" zu "Sinti a Roma". Dat ass u sech zwar eng konkret Diskriminatioun vun allen Zigeiner déi weder Sinti nach Roma sinn, mä do gëtt da politesch korrekt argumentéiert, datt déi aner Zigeinergruppen eréischt duerch d'Net-nennen am PC-Begrëff allgemeng Opmierksamkeet kruten.

Der Politescher Korrekheet no ginn och all Volleksgruppe just nach no hirer Eegebezeechnung benannt. Sou ginn "Eskimoen" zu "Inuit" an "Zigeiner" zu "Sinti a Roma".


=== Aneres ===
=== Aneres ===
"Aler" ginn als "Persounen am Drëtten Alter" bezeechent. Amplaz "Schéi Chrëschtdeeg" kënne méi reliounsneutral "Schéi Feierdeeg" gewënscht ginn.
* Alen - Persoun vum Drëtten Alter
* Droits de l'Homme - Droits Humains
* Schéi Chrëschtdeeg - Schéi Feierdeeg
* u Kriibs stierwen - no laanger a schwéierer Krankheet verscheeden

== Kritik u PC ==

Politesch Korrektheet bréngt net nëmmen heiansdo droleg, mä och onkamoud Formuléierungen ervir, déi d'flësseg Sprooch staark hemme kënnen:

''"Chaque délégation principale ... désigne ... un-e délégué-e à l'égalité. Le/la délégué-e a l'égalité a pour mission de défendre l'égalité de traitement ... le/la délégué-e à l'égalité, agissant seul-e ou de concert avec la délégation du personnel, dans les domaines de sa mission, est notamment habilité-e ..."''<br /><small>''(art. 11bis vum Gesetz vum 18. Mee 1979 iwwer d'Reform vun den Délégations du personnel, geännert vum Gesetz vum 7. Juli 1998)''</small>

Och gi beispillsweis weiblech Forme bal nëmme bäi positiv besetze Begrëffer gebraucht. Praktesch ni liest ee vun "TerroristInnen" oder vun "Drecksmännercher a -frächen". Bäi gemëscht-geschlechtlechen Affergruppe gi bei Noriichte Frae meeschtens extra ervirgehuewen, während se an d'selwecht zesummegesatenen Tätergruppen net ernimmt ginn, sou datt en Zerrbild entsteet no deem Affer weiblech sinn an Täter männlech.


== Kritik un der Politescher Korrektheet ==
Deelweis gëtt et Gruppe vu Minoritéiten, déi sech bewosst géint Versich entscheeden, Politesch Korrektheet duerchzesetzen, a sech déi angeblech diskriminéierend Begrëffer bewosst uneegnen. Beispiller dofir sinn d'Ophuele vum Ausdrock "Schwulen" duerch Homosexueller, "Kanak" duerch Tierken an Däitschland oder "Nigger" duerch Afroamerikaner an den USA. A wann een zu Lëtzebuerg Faarweger gesäit, déi en T-Shirt mat der Opschrëft "100 % Neger" unhunn, dann ass d'Politesch Korrektheet definitiv ad absurdum gefouert.


Politesch Korrektheet gëtt dofir kritiséiert heiansdo droleg oder onkamoud Formuléierungen ervirzebréngen, déi d'flësseg Sprooch hemme kënnen. Esou zum Beispill a Gesetzestexter:
Dacks gëtt Wierder, déi u sech neutral sinn, e batteren Nogeschmaach nodréilech opgezwongen, an zwar andeems all deenen, déi eng postiv Astellung hu par Rapport zum Sujet vun deem Wuert, de Gebrauch vum Wuert verbuede gëtt, sou datt dat Wuert dann effektiv just nach fir de pejorative Gebrauch op ass. En neigeschaaft PC-Wuert wat an d'Plaz kënnt kann dann nëmmen nach a positive Kontexter gebraucht ginn - eng schwaarz/wäiss-Molerei, déi et de facto onméiglech mécht fir nach iergendwelch Nuancen auszedrécken. Dës Bestriewunge vun de PC-Verfechter fir [[Sproochnorm]]e géint den allgemenge Sproochgebrauch duerchzesetzen, a sief et mat Mëttele vu gesellschaftlecher Ausgrenzung vun allen Net-Konformisten, ginn heiansdo (als kleng Erënnerung un d'"Gedankepolice" am [[George Orwell]] sengem Roman ''[[1984 (Roman)|1984]]'') als "Gedankenzensur" duerch eng "Sproochpolice" gewäert.


:''"Chaque délégation principale ... désigne ... un-e délégué-e à l'égalité. Le/la délégué-e a l'égalité a pour mission de défendre l'égalité de traitement ... le/la délégué-e à l'égalité, agissant seul-e ou de concert avec la délégation du personnel, dans les domaines de sa mission, est notamment habilité-e ..."''<br /><small>''(art. 11bis vum Gesetz vum 18. Mee 1979 iwwer d'Reform vun den Délégations du personnel, geännert vum Gesetz vum 7. Juli 1998)''</small>
Do donieft ass och festzestellen, datt sech politesch korrekt Begrëffer ofnotzen, wa se mat enger gewësser Aggressivitéit weider benotzt ginn. Sou ass duerch fortlafend Neikreatioune vun Ersatzbegrëffer wéi z.&nbsp;B. "Negro" – "black people" – "coloured people" – "African-Americans" näischt gewonnen, wann de Wierder keng tatsächlech [[Integratioun]] nokënnt. Anescht ausgedréckt: d'Ëmdenken an de Käpp kann net duerch permanent neigeschaaft Wierder eleng geschéien - dat war awer déi eenzeg Dosinnsberechtegung vun der Politescher Korrektheet.


Eng aner Kritik ass datt d'Ersetze vun enger Bezeechnung duerch eng aner net onbedéngt d'[[Integratioun]] vun de betraffene Persoune mat sech bréngt. Esou gëtt heiansdo argumentéiert, datt d'Ëmdenken an de Käpp net eleng duerch neigeschaafe Wierder kéint geschéien. Och gëtt kritiséiert, d'Sproochmanipulatioun kéint onangenehm Realitéiten einfach ewech-euphemiséieren, zum Beispill wann doudeg Zivilpersounen als [[Kollateralschued]] bezeechent ginn.<ref>Geoffrey Hughes: [https://books.google.lu/books?id=Zzw9WabmmVwC&pg=PT83&lpg=PT83&dq=political+correctness+collateral+damage&source=bl&ots=t_t5AzdpGD&sig=eDPUa_Ya1iiFFiv3rdxKb2bXl9M&hl=en&sa=X&redir_esc=y#v=onepage&q=political%20correctness%20collateral%20damage&f=false Political Correctness: A History of Semantics and Culture]</ref>
Schlussendlech beinhalten d'Sproochmanipulatioune vun der Politescher Korrektheet och déi konkret Gefor, all d'Spuere vun der Begéinung mam Realen aus der Welt ze schafen. D'Aart a Weis wéi onangenehm Realitéiten einfach ewech-euphemiséiert ginn ass u sech nach méi eschreckend wéi d'Realitéit selwer. Ee Beispill ass do d'Barbarei vun der Gläichgültegkeet, mat där bäi Polizeiaktioune vun der [[NATO]] doudeg Zivilpersounen als unvermeidlech "[[Kollateralschued|Kollateralschied]]" a Kaf geholl ginn.


== Kuckt och ==
== Kuckt och ==
* [[Euphemismus]]
* [[Euphemismus]]
* [[Newspeak]]


{{Referenzen}}
== Um Spaweck ==
* [http://europenews.dk/de/node/2497 Rotkäppchen – politesch korrekt erzielt (Satire)]


[[Kategorie:Gesellschaft]]
[[Kategorie:Gesellschaft]]
[[Kategorie:Sproochwëssenschaft]]

Versioun vum 11:59, 29. Dez. 2015

Politesch Korrektheet (aus dem engleschen: Political Correctness, kuerz PC) ass e Phenomen an de Sproochen wat drop higeet, all Zorte vun Diskriminatioun ofzeschafen andeems Wierder mat negativer oder vermeintlech negativer Konnotatioun duerch neigeschaaft an doduerch nach wäertfräi Wierder z'ersetzen.

Originne vun der Politescher Korrektheet

Ursprénglech huet de Begrëff Politesch Korrektheet just déi loyal Ënnerstëtzung vun enger politescher Partei viséiert. Zanter den 1960er Jore gouf en awer am Kader vun der Biergerrechtsbewegung an der zweeter Well vun der feministescher Bewegung fir d'moralpolitesch Beuerteelung vu Sprooch a Verhalensweise gebraucht. An den 1990er Jore gouf et dunn eng Géigebewegung, an den USA vun den Neokonservativen déi et als politesche Kampfbegrëff vu lénkser Ideologie refuséieren, an an Europa souwuel vu Rietsen, déi an der Politescher Korrektheet eng Beschneidung vun der Meenungsfräiheet gesinn, wéi vu Lénksgeriichten, déi doran eng Gefor fir d'Demokratie gesinn, well selfernannte politesch korrekt Dugendwächter ganz Themeberäicher zum Tabu erklären an alle oppen Diskussioun mam Faschismus- Rassismus oder Sexismusknëppel néierhaen, a sou all anescht Denkenden als Aussätzege vun der sozialer an/oder politescher Bühn écartéieren.

Beispiller vun der Politescher Korrektheet

Kierperlech Aschränkungen

Formuléierungen déi als ze negativ opgelueden ugesi gi sinn, wéi "Krëppel" oder "Mongol", goufen ufanks ënner dem Sammelbegrëff "Handikapéierten" zesummegefaasst. Haut ginn méi neutral Ausdréck wéi "Mënsche mat Behënnerung" benotzt.

Geschlecht

Fir d'Frae sproochlech méi siichtbar ze maache musse se aus gemëscht-geschlechtleche Gruppen extra ervirgehuewe ginn, entweder duerch Eenzelnennung ("Wieler a Wielerinnen", ), Bannen-I ("WielerInnen") oder Klamer ("Wieler(innen)"). Bäi sozial net sou gutt ugesinnene Beruffer gëtt dogéint e geschlechtsneutrale Begrëff gesicht (aus "Botzfra" gëtt "Botzkraaft").

Ofstamung an Ethnie

De Begrëff "Neger" ass an der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert aus dem ëffentleche Sproochgebrauch verschwonnen a gëtt haut als staark disrkiminéirend empfond. E gouf duerch aner Begrëffer ersat, wéi "Schwaarzen", "Faarwegen" oder "Afroamerikaner" (an den USA).[1] An deem Kontext sinn och Begrëffer wéi "Negerkuss" gesinn zu "Schockelaskuss" oder "Schaumkuss" mutéiert.[2] Der Agatha Christie hire Roman Ten Little Niggers (op Däitsch: Zehn kleine Negerlein) vun 1939 ass schonn an den 1940er an den USA a spéider och an England ënner dem Titel And Then There Were None (Und dann gab's keine mehr) verëffentlecht ginn.[3]

Der Politescher Korrekheet no ginn och all Volleksgruppe just nach no hirer Eegebezeechnung benannt. Sou ginn "Eskimoen" zu "Inuit" an "Zigeiner" zu "Sinti a Roma".

Aneres

"Aler" ginn als "Persounen am Drëtten Alter" bezeechent. Amplaz "Schéi Chrëschtdeeg" kënne méi reliounsneutral "Schéi Feierdeeg" gewënscht ginn.

Kritik un der Politescher Korrektheet

Politesch Korrektheet gëtt dofir kritiséiert heiansdo droleg oder onkamoud Formuléierungen ervirzebréngen, déi d'flësseg Sprooch hemme kënnen. Esou zum Beispill a Gesetzestexter:

"Chaque délégation principale ... désigne ... un-e délégué-e à l'égalité. Le/la délégué-e a l'égalité a pour mission de défendre l'égalité de traitement ... le/la délégué-e à l'égalité, agissant seul-e ou de concert avec la délégation du personnel, dans les domaines de sa mission, est notamment habilité-e ..."
(art. 11bis vum Gesetz vum 18. Mee 1979 iwwer d'Reform vun den Délégations du personnel, geännert vum Gesetz vum 7. Juli 1998)

Eng aner Kritik ass datt d'Ersetze vun enger Bezeechnung duerch eng aner net onbedéngt d'Integratioun vun de betraffene Persoune mat sech bréngt. Esou gëtt heiansdo argumentéiert, datt d'Ëmdenken an de Käpp net eleng duerch neigeschaafe Wierder kéint geschéien. Och gëtt kritiséiert, d'Sproochmanipulatioun kéint onangenehm Realitéiten einfach ewech-euphemiséieren, zum Beispill wann doudeg Zivilpersounen als Kollateralschued bezeechent ginn.[4]

Kuckt och

Referenzen

  1. Duden: Neger
  2. Duden: 'Negerkuss
  3. insightbb.com: An American Tibute to Agatha Christie
  4. Geoffrey Hughes: Political Correctness: A History of Semantics and Culture