Diskussioun:Politesch Korrektheet

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Rotkäppchen[Quelltext änneren]

Ich bin am Überlegen, ob ich einen Artikel über PK in der bairischen Wikipedia (Boarisch) schreiben soll, und blicke mich hierzu in verschiedenen Sprachversionen um. Leider ist bei euch der Link "Rotkäppchen" anscheinend verwaist. Hellsepp --Hellsepp 00:24, 16. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

Dee gouf aktualiséiert, Merci fir deen Hiwäis. --Otets ♣ 14:22, 6. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]

Mangel un Neutralitéit[Quelltext änneren]

Hunn elo mol vill doru gebotzt. Deen Artikel war grosso modo e Pamphlet firwat Politesch Korrektheet Schäiss ass, a bei deem Neutralitéit komplett gefeelt huet:

  • "hir nei Sproochform der Allgemengheet carrément opzwénge wëllen"
  • "aus engem "geeschteg Behënnerten" en "anescht Begabten" an aus engem "Klengen" e "vertikal Erausgefuerdeten" ze maachen." --> Source? / Däitsche Wiki: Die Begriffe „vertikal herausgefordert“ (vertically challenged) für „kleinwüchsig“ oder „gravitativ benachteiligt“ für „übergewichtig“ sind dagegen Scherzbegriffe, die sich im Sinne der vorangegangenen Wortkombinationen über „political correctness“ lustig machen. --> offensichtlech huet de lëtzebuergeschen Auteur keng déifgräifend Recherche gemaach
  • "(den éischten "Afrodäitsche" gouf scho gesinn, da wäert den "Afrolëtzebuerger" net méi wäit sinn)"
  • "Droits de l'Homme - Droits Humains" --> source?
  • "u Kriibs stierwen - no laanger a schwéierer Krankheet verscheeden" -- source?
  • "Dat ass u sech zwar eng konkret Diskriminatioun vun allen Zigeiner déi weder Sinti nach Roma sinn, mä do gëtt da politesch korrekt argumentéiert, datt déi aner Zigeinergruppen eréischt duerch d'Net-nennen am PC-Begrëff allgemeng Opmierksamkeet kruten." --> dat ass e Widdersproch, well dann ass et jo keng PC wann déi Gruppen net mat hirer Eegebezeechnung benannt ginn / dann ass PC net richteg ëmgesat
  • déi Sketioun mat der Kritik war komplett iwwerproportionéiert, och well den Artikel op déi Sektioun ausgeluecht ass an eng Argumentatioun pro-PC komplett feelt.
  • absurd Argumentatioun: " Praktesch ni liest ee vun "TerroristInnen" oder vun "Drecksmännercher a -frächen"" --> well et esougutt wéi keng Fraen an deenen Beräicher ginn, während et an anere Beräicher wéi dem Léier-, Botz-, Employéspersonal ëmmer mindestens eng Minoritéit vum anere Geschlecht gëtt. + wou fënnt een déi Kritik? Dat ganzt ass dem Auteur Otets seng Meenung
  • "Deelweis gëtt et Gruppe vu Minoritéiten, déi sech bewosst géint Versich entscheeden" --> da muss een och schreiwe firwat se daat maachen, an op déi Leit da mengen datt jiddfereen dat soen dierf (Äntwert: nee). Dat ass keng kritik un der PC, mee u gesellschaftleche Strukturen
  • "wann een zu Lëtzebuerg Faarweger gesäit, déi en T-Shirt mat der Opschrëft "100 % Neger" unhunn" --> ??? firwat net: "100% alen onzefriddenen Nazi"
  • Link Rotkäppchen – politesch korrekt erzielt (Satire) ewech gemaach - och wann dat hei als Satire verkaaft geet, geet et duer sech dee Site an hir Facebook presenz emol méi genau unzekucken - massiv am rietse politesche Spektrum

An et gouf keng eng Quell genannt.

--Bdx (Diskussioun) 11:59, 29. Dez. 2015 (UTC)[äntweren]

  • "vertikal Erausgefuerdete" war wuel wierklech schlecht Recherche, merci fir deen Hiwäis!
  • Droits Humains, dat fuerdert ë.a. d'Christine Delphy, ass einfach ze googelen.
  • Kuck Doudesannoncë vum Wort, do fënns de kee Kriibs, awer ëmmer déi aner Bezeechnung.
  • Bei Sinti a Roma setzt PC sech net richteg ëm, verlaangt awer trotzdeem datt jidderee sou soe soll.
  • Wann s de positiv Effete vu PC kenns, kanns de déi jo gär bäisetzen. Mee ech perséinlech gesinn net wou PC bis ewell eppes an de Käpp beweegt hätt, ech gesi par conter vill Absurditéit bei deer ech en plus gezwonge soll gi matzeman.
  • Et gëtt genuch Terroristinnen.
  • Op et elo gesellschaftlech Strukture sinn, Leit ze erlabe sech selwer mat engem Begrëff ze bezeechnen, dee se allen anere verbidden, oder op et PC ass dat gutt ze fannen, dat sief dohigestallt.
  • Leider schéngen "Nazie" manner Humor ze hu wéi "Negeren", wär awer witzeg wann och deer T-Shirte verkaaft géifen))))))
  • Ech ginn zou, mer dee Site vum Rotkäppchen net ganz ugekuckt ze hunn. Wann ee sou klickt, riets schéngt e wuel ze sinn, mee ech war lo och am zweeten Ulaf net op FB a sou weider fir uze kucken op en och rietsextrem ass. Egal wéi, ech hunn de Link lo mol zur Sécherheet ersat, deen neie féiert just op d'Satire ouni Weiderverlinkungen, also dierft lo alles am gringe Beräich sinn.

--Otets ♣ 18:32, 29. Dez. 2015 (UTC)[äntweren]

Ech sinn absolut net mat denger Argumenter am Artikel averstanen, déi all enzyklopedesch Critèren mat Féiss trëppelen, an och net, datts du dat wat ech eraushuelen einfach esou erëm dra setz. Du sees, do kéint een ganz einfach Quelle fannen? Da setz se dobäi, well esou eng Behaaptung ass nämlech ganz einfach ze maachen. Ech well Quelle gesinn dovir, datt Tierken an Däitschland sech "Kanaken" nennen. Deng Argumentatioun ass selektiv an absurd. De Gros vun den Afroamerikaner bezeechent sech net als Nigger, a während e puer Leit déi Bezeechnung sécher aus politesche Grënn benotzen (zB. den 2Pac), ass et mat den Hoer erbäigezunn ze behaapten, jiddferee géif dat maachen, fir "sech bewosst géint Versich entscheeden, Politesch Korrektheet duerchzesetzen". Dat kann och ganz aner Grënn hunn, wéi d'sozialt Ëmfeld, Bildung, etc. WEG QUELLEN!!!!
D'Kritik-Sektioun gehéiert och an de Konjunktiv gesat, well dat ass keng kee Fait, mee ebe just eng Kritik.
Wanns du deng Behaaptungen net méi neutral formuléiers a referenzéiers, dann huelen ech se erëm eraus.--Bdx (Diskussioun) 17:24, 4. Jan. 2016 (UTC)[äntweren]
Ech si frou, datt hei probéiert gëtt, en neutral formuléierten Artikel ze kréien, dee beschreift, wat Politesch Korrektheet ass, an net e Sammelsurium vu vermeintlechen oder tatsächlechen Äusserungen dovunner. Wann ech zwee Su bäisteieren dierft: Et gëtt als eppes Absolutes dohigestallt, ma mer ginn net gewuer, wat fir en Impakt dat iwwerhaapt op de Sproochgebrauch huet, a wa jo wou an a wat fir engemKontext )d.h.: ass dat e Randfeenomen, wa jo vu weem, oder ass et eppes dat jidderee praktizéiert, an deem Fall op Grondlag vu wat fir Virgaben a virwat? Anekdotesch Beispiller sinn do net vill nëtzlech, se misste kënne quatifizéiert kënne ginn, fir eng valabel Ausso ze sinn. Zweetens ass e wichtege Facteur guer net ugeschwat, dee vum semantesche Sproochwandel, d.h. dass iwwer d'Zäit eng Bedeitung vun engem Wuert, oder d'Konnotatiounen ännernen: net duerch eng PC-Konspiratioun, mee iwwerall an duerch eng hellewull vu Facteuren determinéert, déi a ville Fäll net un enger Ursaach (z.B: PC) kënne festgemaach ginn. A schliisslech ass do d'Saach, datt eng Sprooch net nëmmen aus "Sender" besteet (deen deen eppes seet oder nennt) mee och engem Emfänger, respektiv engem "Objet" op dat sech dat bezitt. Wa bestëmmte Gruppe vu Leit fannen, datt bestëmmte Bezeechnungen, déi aner iwwer si gebrauchen, fir si pejorativ oder esouguer beleidegend kléngen, sou ass et eng Saach vu Respekt vum "Sender" dat z'akzeptéieren, an net ze soen: "Fréier huet kee sech dru gestéiert". Mer sinn an deem Fall eeben net méi "fréier". --Zinneke (Diskussioun) 21:39, 4. Jan. 2016 (UTC)[äntweren]
Ech hunn elo mol eng ganz Rei vu Quelle bäigesteiert, an och nuancéiert datt a verschiddene Fäll Re-Appropriatioun net onbedingt kämpferesch muss si mee och engem populäre Wëlle zur Positivéirung kann entstamen. Ech brauch awer wuel nach eng Rei Deeg ier ech dem Zinneke seng Ureegungen och mat aschaffe kann, d'Thema ass ëmfangräich a Quellerecherche hëlt seng Zäit. Just, ech weess net firwat s de wëlls datt hei op net-PC-bestëmmte semantesche Sproochwandel soll angaange ginn, dee per Definitioun jo näischt mam Thema vum Artikel ze dinn huet. De Sender-Emfänger Gedanken ass ganz intressant, do muss ech effektiv eppes driwwer schreiwen, well de Volet datt PC och dozou dinge ka Gruppe vu Leit net ze beleidegen (dem Emfänger hëllefen) ass bis ewell bei der Fokusséirung op de But vun enger Ännerung an de Käpp vun de Sender ze kuerz komm - wat awer och keen einfache Volet ass, well och wann et quasi-selbstverständlech ass an enger Gesellschaft Beleidegungen net ze fërdere sou kommen Onsécherheeten op (wann et op d'Origine vum Sender ukënnt) an et stellt sech d'Fro wee bestëmmt wat beleidegend ass (wa bannent enger Grupp d'Leit sech net eens sinn), a wat maache wann d'Minoritéit déi bestëmmt wi se gesi wëll gi "béis" ass (Forcéiere vu "Myanmar" fir d'Kolonialzäit hannert sech ze loossen, duerch eng Militärdiktatur). --Otets ♣ 23:30, 4. Jan. 2016 (UTC)[äntweren]


ass e Phenomeen an de Sproochen
A water Sproochen ass dat e Phenomeen??? Et ass héchstens eng Ännerung an der Ausdrocksweis déi op engem Changement vun der Mentalitéit baséiert, an déi sech och nach nëmmen op e gewëssen Deel vum Sproochgebrauch limitéiert. Wann een dervun ausgeet datt de Begrëff Phenomeen sech op Saache bezitt déi engem aussergewéinlech virkommen dann ass dee Begrëff menger Meenung no falsch op der Plaz. Datt Leit sech a gewësse Situatiounen oder Schrëftstécker anescht ausdrécken ass bei wäitem näischt aussergewéinleches. --81.242.182.246 07:56, 5. Jan. 2016 (UTC)[äntweren]
Politesch Korrektheet: Wann en Ëmweltminister dem ganze Vollek réit méi zu Fouss ze goen oder de Vëlo ze benotzen a selwer mat dem déckste Porsche duerch Géigend donnert, huet dat och vläicht eppes mat incorrectnes ze dinn, oder net. --81.242.182.246 09:45, 5. Jan. 2016 (UTC)[äntweren]