Árpád Göncz

Vu Wikipedia
Árpád Göncz
Gebuer 10. Februar 1922
Budapest
Gestuerwen 6. Oktober 2015
Budapest
Nationalitéit Ungarn
Educatioun Eötvös Loránd Universitéit
Aktivitéit Politiker, Schrëftsteller, Iwwersetzer, Dichter, Affekot
Famill
Kanner Kinga Göncz

Den Árpád Göncz [ˈaːrpaːd ˈɡønts], gebuer den 10. Februar 1922 zu Budapest, an och do de 6. Oktober 2015 gestuerwen, war en ongresche Schrëftsteller, Iwwersetzer a liberale Politiker. Hie war vun 1990 bis 2000 Staatspresident vun Ungarn.

De Göncz huet 1944 säin Droitsstudium ogeschloss. 1945 gouf e Member vun der Onofhängeger Klengbauerepartei, niewelaanscht war e Chefredakteur vun der Zäitschrëft Nemzedék ("Generatiounen"). Wéi déi verbuede gouf, huet hen als Hëllefsaarbechter, Schweesser a Schlässer geschafft. 1952 bis 1956 huet hien zu Gödöllő Agrarwëssenschafte studéiert.

Wärend dem Ungaresche Volleksopstand 1956 war de Göncz am Ungaresche Bauerebond. 1957 huet hien d'Manuskript vum Imre Nagy sengem Buch A magyar nép védelmében ("Fir d'ongrescht Vollek ze verdeedegen") an d'Ausland geschmuggelt, gouf dofir verhaft an den 2. August 1958 zu enger liewenslänglecher Prisongsstrof verurteelt.

1963 koum hien, wéi vill aner politesch Prionéier och, duerch eng Amnestie vum János Kádár fräi. HIen huet dunn um Institut fir Schwéierindustrie a Chimie zu Veszprém als Iwwersetzer geschafft. Zënter 1965 huet hien als fräie Schrëftsteller an Iwwersetzer geschafft.

1988 war war hie Matgrënner vun Szabad Kezdeményezések Hálózata ("Réseau vu Fräien Initiativen"), a méi spéit vun Szabad Demokraták Szövetsége (Unioun vu Fräien Demokraten – SZDSZ), wouvunner en 1988 Porte-parole an 1989 Comitésmember gouf. Hie war och Matgrënner vum Comité fir Geschichtsrevisioun (Történelmi Igazságtétel Bizottság) a gouf 1989 President vum Budapester Bureau vun der Liga fir Mënscherechter. Vun 1989 bis 1990 war hie President vum ungaresche PEN-Club.

Am August 1990 gouf hien op Propositioun vum József Antall zum Staatspresident gewielt ua blouf dat bis August 2000.

De Göncz war mat der Mária Zsuzsanna Göntér bestuet a Papp vu véierKanner, dorënner déi fréier ongresch Ausseministesch Kinga Göncz.

Literaresch Aarbechten[änneren | Quelltext änneren]

De Göncz huet dem J. R. R. Tolkien säi Lord of the Rings an dem Malcolm Lowry säin Under the Volcano op Ungaresch iwwersat. Hien ass och Auteru vun enger Rëtsch Romaner an Theaterstécker:

Romaner an Erzielungen:

  • Sarusok, ersch. Magvető, 1974; Ulpius-ház, 2003 (dt.: Sandalenträger, Evangelische Verlagsanstalt GmbH, Berlin 1987, ISBN 3-374-00151-3)
  • Találkozások, Magvető, 1980; Ulpius-ház, 2001
  • Hazaérkezés, Pátria könyvek, 1991

Theaterstécker:

  • Magyar Médeia, ("Mounddrama"), ersch. Magvető, 1976
  • Rácsok, ersch. Magvető, 1979
  • Mérleg; Pesszimista komédia; Perszephoné; Sarusok (6 Dramen), ersch. Magvető, 1990

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Árpád Göncz – Biller, Videoen oder Audiodateien