János Áder

Vu Wikipedia
János Áder
Gebuer 9. Mee 1959
Nationalitéit Ungarn
Educatioun Eötvös Loránd Universitéit
Aktivitéit Affekot, Politiker

De János Áder, gebuer den 9. Mee 1959 zu Csorna an Ungarn, ass en ungaresche Politiker (Fidesz). Hie war vum 2. Mee 2012 bis den 10. Mee 2022 President vun der Republik Ungarn.

Den Áder huet op der Loránd-Eötvös-Universitéit zu Budapest Droit studéiert an duerno op der Ungarescher Akademie vun de Wëssenschaften (Magyar Tudományos Akadémia, MTA) um Institut fir Soziologie geschafft. Hie war 1988 Grënnungsmember vun der Fidesz-Partei (Fiatal Demokraták Szövetsége, "Unioun vun de Jonken Demokraten"), der haut (2015) gréisster konservativer Partei am Land. Bei de Walen 1990 an 1994 war hien hire Walkampfchef. Duerno war e bis 1997 Vizepresident, a bis 2003 President faisant fonction.

Hie war vun 1990 bis 2009 Deputéierten am ungaresche Parlament a vun 1998 bis 2002 Parlamentspresident. Duerno war e bis 2006 Fraktiounspresident vu senger Partei a vun 2006 bis 2009 Vizepresident vun der Chamber. Vun 2009 bis zu senger Nominéierung zum President vun Ungarn war hien Deputéierten am Europaparlament.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: János Áder – Biller, Videoen oder Audiodateien