Escherange

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Äescher)
Escherange
Gemengenhaus vun Escherange (2008)

Gemengenhaus vun Escherange (2008)
Gemengenhaus vun Escherange (2008)
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Moselle
Arrondissement Thionville
Kanton Yutz
Postcode 57330
Gemengecode 57199
Koordinaten 49° 25’ 01’’ N
      06° 04’ 15’’ O
Fläch  1.318 ha
Bevëlkerung  690 (2020)

Escherange gehéiert zanter 1769 zu Frankräich an ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Moselle an der Regioun Grand Est.

Den Uert, deen zum Arrondissement Diddenuewen gehéiert, huet 690 Awunner (Stand 2020).

Um Territoire vun der Gemeng gëtt et e ganze Koup vu Befestigungsanlage vun der Maginotlinn, mat am Ganze 4 Kasematten, 2 Bunkeren an eng grouss Festung, de Fort de Molvange. Dat war och de Grond, datt Escherange am 2. Weltkrich bal komplett zerstéiert gouf.

Am Joer 1811 ass d'Nopeschduerf Molvange (Muelweng) an d'Gemeng Escherange opgeholl ginn.

Kierch Escherange

Kuckt och[Quelltext änneren]