École supérieure des sciences commerciales d'Angers

Vu Wikipedia
École supérieure des sciences commerciales d'Angers
Land Frankräich
Uertschaft Angers, Boulogne-Billancourt, Cholet, Aix-en-Provence, Shanghai, Budapest, Lyon, Bordeaux, Stroossbuerg
Schülerzuel 6.000
Gegrënnt 1909
Um Spaweck http://www.essca.fr

D'École supérieure des sciences commerciales d'Angers ass eng European Business School mat Campussen zu Angers, Boulogne-Billancourt, Cholet, Lyon, Bordeaux, Aix-en-Provence, Budapest a Shanghai.

2019 gouf d'ESSCA am Ranking vun der Financial Times ënner déi 76 bescht European Business Schools gewielt[1]. D'ESSCA huet och e PhD-Programm an eng Rei vu Master-Programmen a spezifesche Managementsgebidder wéi Marketing, Finanzen oder Direction d'Entreprise. D'Programmer vun der ESSCA sinn op internationalem Niveau dräifach accreditéiert; vun der AMBA, der EQUIS an der AACSB[2]. Méi wéi 15.000 Anciene vun der Schoul sinn an der Politik an an der Business-Welt aktiv; dorënner de Louis le Duff (PDG groupe Le Duff) an Dominique Schelcher (PDG Système U).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (en)European Business School Rankings 2019
  2. (en)Triple accredited business schools (AACSB, AMBA, EQUIS)