Cholet

Vu Wikipedia
Cholet
Land Frankräich
Regioun Pays de la Loire
Departement Maine-et-Loire
Arrondissement Cholet
Kanton Cholet-1
Cholet-2
Cholet-3
Postcode 49300
Gemengecode 49099
Koordinaten 47° 03’ 36’’ N
      00° 52’ 42’’ W
Fläch  8 747 ha
Bevëlkerung  54 000 (2008)
Vue op Cholet

Cholet ass eng franséisch Stad an Ënnerprefecture am Departement Maine-et-Loire, an de Pays de la Loire. Et ass och den Haaptuert vun dräi Kantonen, an de Sëtz vun der Chambre de commerce et d'industrie du Choletais.

D'Awunner vu Cholet gi Choletains genannt.

Cholet läit op enger Héicht vun 124 Meter, am Pays des Mauges, am Dall vum Floss Moine, an op der Grenz mat den Departementer Loire-Atlantique, Deux-Sèvres a Vendée.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

  • Stengen Zeie wéi de Menhir vu Saint-Macaire-en-Mauges, weisen op eng fréi Besiidlung an der Géigend vu Cholet hin.
  • Am 10. Joerhonnert gouf Cholet vum Foulque Nerra Grof vun Anjou eruewert.
  • 1343 gëtt d'Stad duerch eng Ordonanz vum Philippe VI. e Monopol vum Staat. an d'Gabelle gouf agefouert. Cholet krut deemools e Spezialgeriicht, Grenier à sel genannt. Dovu gouf et der am Ganze 16 am Anjou, deen zu de Pays de grande gabelle gehéiert huet.
  • 1793 gouf de Marquisat de Cholet vum Gabriel-François de Rougé kaaft, deen d'Infrastruktur vun der Stad op eege Käschte verbessert, e groussen Deel vun der Stad ëmbaut, an den Handel duerch reegelméisseg grouss Mäert fërdert. Doduerch gouf Cholet eng fir déi Zäit modern Stad. à des foires régulières. Cholet devint ainsi une ville moderne pour l'époque, et un centre économique actif. D'Place Rougé am Zentrum vun der Stad, erënnert un hien.
  • Ënner dem Ancien Régime hat d'Stad eng grouss Entwécklung duerch d'Textilindustrie. Wiewereien, Spënnereien, a Wäschereien, hunn déi Zäit d'Stadbild markéiert. Wéi um Enn vum 19.Joerhonnert duerch d'Mechanisatioun vun de Wiewereien, Aarbechtplaze verschwonne sinn, huet de Schongsecteur d'Chômeuren déi aus der Textilbranche koume, weider beschäftegt.

Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]

Mat dem gréissten ekonomesche Facteur, der Textilindustrie, ass et an den 1950er Jore, lues awer sécher biergof gaangen. Et hu sech awer aner Industrien, wéi z. B. de Pneueproduzent Michelin do installéiert.

Aus der Stad déi sech am kommerzielle Secteur vergréissert huet, besonnesch duerch d'Implatatioun vun aneren Industrieë, wéi Bébé Confort, Nicoll, L'Abeille, Thales, Charal a Jeanneau, ass zesumme mat engem grousse Geschäftszenter mat Wierksgeschäfter, op der Nopeschgemeng La Séguiniére, eng grouss Beschäftegungszon entstanen. Den Uschloss un d'A87 huet doderzou och bäigedroen.

Verwaltung[änneren | Quelltext änneren]

1973 huet Cholet mat der Nopeschgemeng Le Puy-Saint-Bonnet déi bis dunn am Departement Deux-Sèvres war, fusionéiert. Dat huet mat sech bruecht dat d'Departementsgrenze geännert hunn. Le Puy-Saint Bonnet dat haut ronn 1800 Awunner huet, krut de Statut vun enger Commune associée.

D'Gemeng ass Member an der interkommunaler Struktur Communauté d'agglomération du Choletais

Jumelagen a Partnerschaften[änneren | Quelltext änneren]

Tranport a Verkéier[änneren | Quelltext änneren]

Stroossen[änneren | Quelltext änneren]

Cholet huet Uschloss un de Verkéier duerch follgend Stroossen:

  • D'Autobunn A87 déi vun Angers op La Roche sur Yon féiert.
  • D'Nationalstrooss RN249, déi Nantes mat Poitiers verbënnt, a fir déi Projet besteet datt de soll als Autobunn ausgebaut ginn.
  • D'Departementalen D20, D13, D752, D160, D753 an D960.

Fluchverkéier[änneren | Quelltext änneren]

  • De klenge Fluchhafe vu Cholet huet den IATA-Code CET

Eisebunn[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Cholet – Biller, Videoen oder Audiodateien