Émile Schaaff
Den André Émile Schaaff (Schaaf), gebuer de 5. Februar 1868 zu Iechternacherbréck war en Iechternacher Gierwer a Gemengepolitiker.[1]
Seng Eltere waren de Jacques Schaaff an d'Catherine Weides. Hie selwer war Jonggesell.[1]
De 27. September 1899 ass den Émile Schaaff, dee do schonn am Gemengerot war, Member vun der lokaler Schoulkommissioun ginn.[2]
Hie war Buergermeeschter vun Iechternach vum 8. Januar 1918 (Datum vun der Nominatioun) bis den 30. Dezember 1924.[1]
Den Émile Schaaff war Member vum Festkommitee vum Willibrordus-Bauveräin, dee sech ëm d'Dekoratioun vun de Stroossen a Plaze gekëmmert huet, déi um Wee vun de Reliquie vum hellege Willibrord, déi de 4. Juni 1906 aus der Parkierch an d'Basilika iwwerdroe goufen, louchen.[3]
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ 1,0 1,1 1,2 Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.
- ↑ Luxemburger Wort 1899, Nr. 272 (29. September), S. 3
- ↑ Luxemburger Wort 1906, Nr. 95 (5. Abrëll), S. 3