Škoda Auto

Vu Wikipedia
Logo vu Škoda Auto

Škoda Auto a.s. ass en tschecheschen Autosproduzent, deen zanter 1991 der Volkswagen AG gehéiert. Et ass de véierteelsten Autosconstructeur op der Welt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Wéi Škoda 2005 seng honnert Joer Autosproduktioun gefeiert huet konnt s'op eng Entwécklung zeréckkucken, déi 1894 ugefaangen huet.

An deem Joer hunn de Václav Laurin an de Václav Klement zu Prag d'Firma Laurin & Klement gegrënnt déi am Ufank Vëloen a Motocyclette gebaut huet. Hiren éischten Auto deen de Buschtaf A als Seriennumm hat, war en Auto mat zwou Sëtzplazen, engem 2-Zylinder, 7 PS V-Motor, enger Boîte mat 3 Gäng an enger Spëtzevitesse vu 40 km/h.

Duerch e Feier am Ufank vun der 20er Jore war d'Firma praktesch krupps. An deem Ament huet eng grouss Pilsener Firma d'Zkodovi Zavody d'Firma Laurin & Klement opkaaft, an huet ugefaangen hir Autoen ënner dem Markennumm Škoda ze verkafen. D'Produktioun ënner Lizenz vun der Škoda Hispona Suiza vun 1926 un, huet der Firma ee gudden Numm ënner de Luxusautosfabrikannte gemaach. Besëtzer vu sou engem Luxusauto waren ë. a. den éischten tschechoslowakesche President T.G. Masaryk an de Keeser vu Japan.

Bis 1928 huet Skodovy Zavody d'Autosmodeller vu Laurin & Klement weidergebaut.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Škoda Auto – Biller, Videoen oder Audiodateien