Škofja Loka

Vu Wikipedia
Vue op d'Stad
Kapuzinerbréck iwwer d'Sora
Jakobskierch

Škofja Loka (op däitsch fréier: Bischofslack) ass eng Uerschaft a Gemeng a Slowenien. Si ass de wirtschaftlechen, kulturellen an administrativen Zentrum vun der Gemeng Škofja Loka, déi aus 62 Uertschafte besteet, an der Regioun Gorenjska Loka (de.: Oberkrain, it.: Alta Carniola).

Škofja Loka läit op enger Héicht vun 354 m an de juleschen Alpen do wou d' Flëss Poljanska Sora a Selška Sora zesummelafe fir d'Sora ze bilden, um Iwwergang vun der Sora Griecht an d'Škofja Loka Hiwwelen an d'Polhov Gradec Hiwwelen. Op engem Plateau iwwer der Stad steet d'Schlass Loka, wou e Musée dran ass. Iwwer dem Schlass ass de Krancelj, eng Kopp vu 475 m, an nërdlech vun der Stad läit de Kamnitnik mat 414 m, dee bekannt ass fir säi konglomeréréiert Gestengs.

Se läit op der Eisebunnslinn Tarvisio-Ljubljana.

D'Uertschaft gouf eng éischt Kéier an enger Charte 973 ernimmt, wéi de Keeser Otto II. dem Bëschof Abraham von Freising d'Stara Loka (al A) geschenkt huet. D'Freisinger Bëscheef hunn déi no an no zu engem administrativen Zentrum ausgebaut:: 1248 krut se d'Maartrecht, an 1310 krut Bischoflack d'Stadrecht. Vun enger Stadmauer goung fir d'éischt 1286 an engem Text rieds, déi 5 Paarte sinn aus dem 14. Joerhonnert.

1515 gouf et e schrot Äerdbiewen, dat d'Stad bal ganz zerstéiert huet; de Bëschof Philipp von der Pfalz huet se nees opbaue gelooss, an zwar an där Form, wéi se bis haut nach gutt erhalen ass. Bis 1803 waren d'Bëscheef Här a Meeschter, dono huet se zu Éisträich gehéiert. Am Stadwopen ass de Mouer mat Kroun, Symbol vum Héichstëft Freising, nach haut ze gesinn.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • Virun allem den historeschen Zentrum mat der Stadplaz (mestni trg) an der Ënneschter Plaz (spodnji trg); D'fréiert Stadschlass vum Bëschof (1202 als befestegt Schlass gebaut, no 1511 nees anescht opgeriicht) ass haut e Musée.
  • D'Nonnekierch (Maria Immaculata) ass vun 1358 a gouf 1669 op barock ëmdekoréiert.
  • D'Kapuzinerbréck ass aus dem 14. Jht. Op hir ass eng Statu vum Bréckenhellege Bommenzinnes.
  • D'Homan-Haus, Stadpalais mat 3 Stäck, eng Mëschung aus spéitgoteschem a Renaissance-Stil.
  • D'Jakobskierch vu 1471 (Spéitgotik).
  • De Fruuchtspäicher (1511 renovéiert).
  • D'Spidolskierch, no engem Brand 1698 nei opgeriicht.
  • D'Žigon-Haus, (16. Jht.).
  • D'Aalt Stadhaus op der Stadplaz (Mestni trg) aus dem 16. Jht.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Janez Bizjak, Ludwig Druml, Manfred Gietler, Paul Gleirscher, Josef Götz, Hans Haid: „Grenzenlose Karawanken“ (S. 287–294), Edition: LEEB:ENSZEICHEN, Feistritz/Gail 2008, Verlag Gerhard Leeb; ISBN 978-3-9502379-0-0

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Škofja Loka – Biller, Videoen oder Audiodateien