2014 AA

Vu Wikipedia

Den 2014 AA ass e klengen Asteroid (2 bis 3 m Duerchmiesser), deen den 1. Januar 2014 am Kader vum Catalina Sky Survey vum Richard Kowalski entdeckt gouf. No der Meldung beim Minor Planet Center huet sech bei der Berechnung vun de Bunnparameteren erausgestallt, datt den Asteroid warscheinlech an de fréie Mueresstonne vum 2. Januar iwwer dem Atlantik an d'Äerdatmosphär antriede géif.

Dat war eréischt déi zweet Kéier, nom 2008 TC3, datt en Himmelskierper eréischt kuerz viru senger Kollisioun mat der Äerd entdeckt gouf. De klengen Asteroid dierft wéinst senger minimer Gréisst bal komplett vergloust sinn. Den Infraschall vum Evenement konnt vun dräi Statiounen opgezeechent ginn. Aus den Daten huet de Peter Brown vun der University of Western Ontario den Atmosphärenantrëtt bei ongeféier 40° West an 12° Nord ermëttelt, wat iwwer dem Atlantik ronn 1500 Kilometer ëstlech vu Cayenne ass.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]