Cayenne
Ausgesinn
| |||||
|---|---|---|---|---|---|
| Land | |||||
| Regioun | |||||
| Departement | |||||
| Arrondissement | Cayenne | ||||
| Postcode | 97300 | ||||
| Gemengecode | 97302 | ||||
| Koordinaten | 04° 56’ 05’’ N 52° 19’ 49’’ W | ||||
| Fläch | 2.360 ha | ||||
| Bevëlkerung | 63.652 (2018) | ||||
Cayenne ass d'Haaptstad a mat knapp 64 000 Awunner (2018) zugläich gréisst Stad vum franséischen Iwwerséidepartement Guyane.
D'Stad läit um Estuaire dee vun de Flëss Cayenne a Montsinéry gebilt gëtt, an deen och d'Gemengegrenz am Nordweste mécht. Am Norden an am Nordoste stéisst d'Stad un den Atlantik, am Osten a Südoste läit d'Gemeng Rémire-Montholy an am Süden a Südwesten d'Gemeng Matoury.
D'Duerchschnëttshéicht ass 15 m. an déi zwou héchst Plaze mat 114 m. sinn de Mont Bourda an de Mont Baduel.
Bekannt Cayenner
[änneren | Quelltext änneren]- Léon-Gontran Damas, guyanesche franséischsproochege Schrëftsteller
- Félix Éboué, franséische Kolonialpolitiker
- Donovan Léon, franséische Foussballspiller
- Florent Malouda, franséische Foussballspiller
- Gaston Monnerville, franséische Politiker a Verfassungsriichter
- Henri Salvador, franséische Sänger
- Christiane Taubira, franséisch Politikerin
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Märei vu Cayenne
-
Place des palmistes
-
Place du coq
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Cayenne – Biller, Videoen oder Audiodateien |

