Christiane Taubira

Vu Wikipedia
Christiane Taubira
Gebuer 2. Februar 1952
Cayenne
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Universitéit Panthéon-Assas,
Sorbonne – Paris IV
Aktivitéit Politiker, Ekonomist, Schrëftsteller

D'Christiane Taubira, gebuer den 2. Februar 1952 zu Cayenne an der Guyane,[1] ass eng franséisch Politikerin vun der sozialistescher Partei. Si war vun 2012 bis 2016 Justizministerin wärend der Presidence vum François Hollande.

Liewen a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

D'Christiane Taubira ass 1952 an eng Famill vu fënnef Kanner gebuer ginn an huet zu Paräis Ekonomie, Soziologie, afroamerikanesch Ethnologie an Agroalimentatioun studéiert. 1978 ass si Professesch fir Wirtschaftswëssenschafte ginn.[2]

Vun 1978 un huet d'Christiane Taubira sech an der Guyane politesch als Militantin engagéiert an 1993 huet si zesumme mat hirem Mann d'Partei Walwari gegrënnt, där hir Presidentin si war.[2]

1993 gouf si als Deputéiert vun der Guyane an d'franséisch Nationalversammlung gewielt,[1] wou si och bis 2012 bliwwen ass.

Tëscht 1994 an 1999 war si zousätzlech Europadeputéiert.[1]

Bis 2001 war si mat der sozialistescher Partei affiliéiert, éier si fir de Parti radical de gauche Kandidatin bei de Presidentschaftswalen 2002 war a mat 2,32% vun de Stëmmen op déi 13. Plaz am éischten Tour komm ass.

Wéi de François Hollande 2012 President ginn ass huet si hiert Mandat als Deputéiert vun der Guyane opgi fir Justizministesch an der Regierung vum Premierminister Jean-Marc Ayrault ze ginn. 2013 huet si erfollegräich e Gesetzesprojet verdeedegt, deen d'gläichgeschlechtlecht Bestietnes a Frankräich legaliséiert huet (och nach "loi Taubira" genannt).[3]

2014 huet si eng Justizreform lancéiert[4] an hiert Mandat behalen, wéi de Manuel Valls am selwechte Joer Premierminister ginn ass.

De 27. Januar 2016 ass d'Christiane Taubira als Justizministerin zeréckgetrueden, nodeems si widderhuelt d'Moossname a Fro gestallt huet, déi d'Regierung no den Terroruschléi vum 13 November 2015 zu Paräis geholl huet. Besonnesch dem President Hollande seng Bereetschaft, verurteelten Terroristen d'franséisch Staatsbiergeerschaft ze entzéien, wa si nach en anere Pass hunn, huet d'Taubira kritiséiert.[5]

Fir d'Presidentschaftswalen 2022 wollt d'Christine Taubira offiziell Kandidatin ginn, mee si huet sech am Mäerz aus der Course zeréckgezunn. Si konnt net déi 500 Ënnerschrëfte vu gewielte franséischen Amtsträger zesummekréien, déi ee muss hunn, fir als Kandidatin bei der Presidentschaftswal kënne matzemaachen.[6]

D'Christiane Taubira ass gescheet a Mamm vu véier Kanner.[2]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Christiane Taubira – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Presentatioun op gouvernement.fr (archive)
  2. 2,0 2,1 2,2 Presentatioun op leparisien.fr
  3. Presentatioun op ouest-france.fr
  4. lemonde.fr: Christiane Taubira lance la réforme de la justice (12. Januar 2014)
  5. zeit.de: Justizministerin Taubira tritt zurück (27. Januar 2016)
  6. lemonde.fr: Christiane Taubira annonce son retrait de la campagne présidentielle (2. Mäerz 2022)