Op den Inhalt sprangen

A-101

Vu Wikipedia
A-101 (Saturn SA-6)
De Logo vum Apollo-Programm
Missioun Apollo-Programm
Land USA
Agentur NASA
Apogeum 204 km
Perigeum 179 km
Streck 2.184.630 km
Orbiter 54
Gewiicht
Bunn-Ëmlafzäit
Drorakéit Saturn I
Seriënummer SA-6
Notzlaascht Apollo-Raumschëff Dummy
Start 28. Mee 1964
17:07:00 UTC
Startplaz Cape Canaveral Air Force Station
LC-37B
Landung 2. Juni 1964
vergloust
Landeplaz Atlantik
Dauer 3 Deeg a ronn 8 Stonnen

A-101 (oder SA-6 genannt) war den éischten Testfluch vun enger Saturn-I-Rakéit mat engem Dummy vum Apollo-Raumschëff. Den Numm A-101 gouf erausgesicht, fir den Ufank vun den Apollo-Tester ze betounen.

Nodeem déi éischt fënnef Testflich vun der Saturn-I-Rakéit zefriddestellend verlaf waren, goung et duerno drëm, déi erfuederlech Technologien z'entwéckelen, fir déi méi leeschtungsstaark Modeller Saturn IB a Saturn V bauen ze kënnen.

Déi bis elo agesat Spëtzt vun enger Jupiter-Rakéit gouf fir d'éischt mat engem Dummy vum Apollo-Raumschëff ersat.

Apollo-Dummy (BP-13)

[änneren | Quelltext änneren]

Den naturgetreie Modell (engl. Boilerplate genannt) bestoung aus:

  • Rettungsrakéit mat 4,64 m Héicht.
  • Fluchttuerm, eng 3,05 m héich Drokonstruktioun fir d'Rettungsrakéit. Zesummen hu se de Launch Escape System (LES) gebilt.
  • Kommandomodul (CM), eng konesch Aluminiumskonstruktioun mat engem Basisduerchmiesser vun 3,91 m an 3,4 m Héicht.
  • Servicemodul (SM), eng Aluminiumskonstruktioun mat engem Duerchmiesser vun 3,91 m an 3,15 m Héicht. E war mat enger Adaptersektioun an der Instrumenteneenheet op der zweeter Stuf montéiert.

Déi Eenheet huet de Moossen, Gewiicht a Schwéierpunktlage vun engem funktiounsfäegen, bemannten Apollo-Raumschëff entsprach. Si war mat Instrumenter ausgerëscht, fir déi 116 Moossdate wéi Belaaschtung, Drock an Acceleratioun vun den dräi Telemetriesystemer z'erfaassen. Vun der zweeter Stuf u gemooss hat den Opbau eng Mass vu 16.900 kg an eng Héicht vu 24,4 m.

Startvirbereedunge vun der A-101-Missioun

D'Stufe goufen tëscht dem 18. an dem 22. Februar op de Kennedy Space Center geliwwert an um Launch Complex 37B opgebaut. Et gouf e puer Verzögerungen. Flëssege Sauerstoff hat eng Kabelofdeckung wärend engem Test beschiedegt, d'Fluchleetsystem war iwwerhëtzt ginn, wéi e Kompresser vun der Klimaanlag ausgefall war, a wärend dem Countdown hat de Sauerstoffdamp d'Fënster vun enger Instrumenteneenheet beschloen, sou datt den Theodolit, ee normalerweis noutwendegt Instrument, net méi ze gesi war.

De Start war den 28. Mee 1964 um 17:07:00 UTC. No 77 Sekonne hat eent vun den aacht H-1-Dreifwierker vun der éischter Stuf sech 24 Sekonne ze fréi ofgeschalt. De feelende Schub konnt awer doduerch kompenséiert ginn, well déi aner Dreifwierker 2,7 Sekonne méi laang gebrannt hunn an den Autopilot déi entstane Kursofwäichung korrigéiert huet.

Déi éischt Stuf gouf getrennt an déi zweet gezünt. Dat Ganzt gouf vun aacht Kamerae gefilmt, déi uschléissend ofgeworf a spéider gebuerge goufen. Zéng Sekonne méi spéit gouf och den LES wéi geplangt ofgesprengt.

6 Minutten a 24,5 Sekonnen nom Start konnten d'Dreifwierker ofgeschalt ginn. Déi zweet Stuf mam Apollo-Dummy hat d'Äerdëmlafbunn erreecht an huet, wärend véier Äerdëmkreesungen, Telemetriedate geliwwert, bis d'Batterien eidel waren. Déi tatsächlech Fluchbunn hat bal déi erwaart Parameteren erreecht. Nëmmen d'Eegerotatioun vun der Rakéit war wéinst dem Verloscht vun Dreifstoffreschter mat 28° pro Sekonn méi séier wéi gewënscht.

Bei hirer 54. Äerdëmrondung ass d'Rakéit an d'Atmosphär gestierzt an ass den 1. Juni iwwer dem südleche Pazifik vergloust.

Auswierkung op den Apollo-Programm

[änneren | Quelltext änneren]

D'Saturn I hat gréisstendeels zefriddestellend geschafft a gouf mam Apollo-Raumschëff a Bezuch op d'Gewiicht, Struktur an Aerodynamik gutt eens. Den Ausfall vum Dreifwierk war onbedeitend fir d'Missioun duerno, d'A-102.

Portal Astronomie

Commons: A-101 – Biller, Videoen oder Audiodateien