À l'innovation

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) A l'innovation)
À l'innovation
Land Belsch
Gemeng Bréissel
Koordinaten 50°51'10,63"N, 4°21'25,88"O
Baustil Jugendstil
Architekt(en) Victor Horta
Sculpteur(en) Victor Horta
Datum vum Bau 1901
Opgaangen 27. Abrëll 1903
Ofgerappt oder zerstéiert 22. Mee 1967
Monument um Bréisseler Kierfecht zu Evere

À l'innovation war e grousse Buttek zu Bréissel, an der Rue Neuve, deen 1901 no Pläng vum Architekt Victor Horta gebaut gouf. Den 22. Mee 1967 ass e bei engem Feier, bei deem 251 Leit gestuerwe sinn, komplett verbrannt.

D'Feier ass an der Mëttesstonn um éischte Stack an engem Lager ausgebrach. Nodeems e puer Membere vum Personal ouni Succès mat Handfeierläscher probéiert haten, et auszekréien, huet et sech an de Minutten dono rasant verbreet. Vill Leit hate keng Chance méi, erauszekommen, a sinn erstéckt oder beim verzweiwelte Sprong aus der Héicht ëm d'Liewe komm.

Vill Facteure beieneen hunn zum Ausmooss vun der Katastroph bäigedroen: d'Zäit - de Buttek war voll, vill Leit waren am Restaurant um drëtte Stack - d'Architektur (en Atrium bis ënnert den Daach, dee wéi e Kamäi gewierkt huet), de Fait, datt d'Gebai vereelzt war, et keng Sprinkleranlag gouf, keng brandhemmend Materialien oder Méiglechkeeten, d'Gebai ze kompartimentéieren. D'(Nout)ausgäng ware schlecht signaléiert an zum Deel net zougänglech, d'Personal war net oder schlecht forméiert, fir mat der Situatioun ëmzegoen. D'Alarmschell war bal op d'Minutt genee zu der selwechter Zäit, wou normalerweis d'Personal aus der Mëttegpaus geschellt gouf, sou datt vill se net an Uecht geholl hunn. Et gouf ze laang gewaart, d'Pompjeeën ze ruffen, a se ware beim Noutruff net iwwer d'Ausmooss vum Feier informéiert.

D'Ursaach vum Brand konnt ni gekläert ginn.

An d'Plaz vum Gebai gouf 1970 den Inno gebaut, deen haut, als Galeria Inno zu der Kaufhof-Chaîne gehéiert.

D'Brandkatastroph vum Innovation huet an der Belsch an och an anere Länner dozou gefouert, datt d'Brandschutzgesetzer zolidd iwwerschafft a verstäerkt goufen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]