Aarterank

Vu Wikipedia

En Aarterank ass e Konzept aus der biologescher Evolutioun. Et handelt sech ëm eng Populatioun déi vun engem klengen initiale Grupp vun Individue vun enger Aart ofstaamt an deen no an no verschidde Liewensraim besidelt huet. Dës Populatioun huet sech sou verännert, datt um Enn verschidden Aarten entstane sinn.

Aarterank

Erklärung unhand vum Schema riets:

  • et handelt sech ëm eng (Vulkan)insel a Form vun engem Rank mat engem gréisseren Héichtenënnerscheed vun A (Mieresniveau) op B (Bierg),
  • um Punkt A erreecht eng kleng Populatioun vun enger Aart X dës Insel,
  • dës Aart verbreet sech no B hin a passt sech dem méi a méi montane Klima un,
  • all Individuum ka sech mat sengen Nopere pueren,
  • wann eng Kéier A a B matenee verbonne ginn (Vulkanausbroch, Mënsch) kënnen d'Individue vun A a B sech net méi ënnerenee pueren, si stellen zwou Aarten duer.

Ausser datt dat hei d'Schwieregkeete fir d'Definéiere vum Konzept Aart opweist, ass et e Beweis fir d'Existenz vun der biologescher Evolutioun.

Beispiller vun Aarteréng si Salamanderen a Kalifornien oder Méiwe ronderëm d'Polarmier.