Abell 31

Vu Wikipedia
Date vum Abell 31
De planetareschen Niwwel Abell 31, opgeholl mat engem 80cm-Teleskop
Stärebild Cancer (Cnc)
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Rektaszensioun 08h 54m 11.4s
Deklinatioun + 08° 54' 30"
Ausgesinn
Niwweltyp Planetareschen Niwwel
Visuell Magnitude (visuell) 12,2m
Wénkelduerchmiesser 16'
Entdecker George Ogden Abell 1955
Katalogbezeechnungen
Sh2-290, PNG 219.1+31.2, PK 219+31.1, ARO 135

Den Abell 31, no enger anerer Katalogiséierung Sh2-290 ass e planetareschen Niwwel am Stärebild Cancer.

Den Abell 31 ass ee vun de gréisste planetareschen Niwwelen. Duerch seng grouss Wénkelausdehnung huet hien nëmmen eng kleng Flächenhellegkeet vu 26,9 Mag/arc-sec². De südlechen Deel vum Niwwel gëtt nach duerch eng boufërmeg Schockzon ëmkreest, wärend d'Grenze vum nërdlechen Deel zimmlech verschwomme sinn. D'Gréisst an d'Verschwommenheet deiten op en héijen Alter vum planetareschen Niwwel hin, well e schonn ufänkt sech mat der interstellarer Matière ze vermëschen an opzeléisen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]