Abell 370

Vu Wikipedia
Abell 370, Foto, opgeholl mam Hubble-Weltraumteleskop.

Den Abell 370 ass e Galaxiëkoup am Stärebild Cetus.

Den Abell 370 ass virun allem wéinst sengem Gravitatiounslënseneffet bekannt. Sou goufen an der zweeter Hallschent vun den 1980er Joren en ettlech gekrëmmt Objeten entdeckt an als gespigelt Galaxien interpretéiert, déi hanner dem Galaxiekoup stinn. Ënner deenen Objeten ass och The Dragon, deemools A0 genannt.

2002 gouf och d'Galaxie HCM-6A vun enger Astronomenequipe vum Keck-Observatoire mat Hëllef vum Gravitatiounslënseneffet vum Abell 370 entdeckt. D'Galaxie war bei hirer Entdeckung deen Objet, dee bis dunn am wäitste vun der Äerd ewech, observéiert gouf.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Abell 370 – Biller, Videoen oder Audiodateien