Accident vum Pilatus OO-NAC

Vu Wikipedia
Accident vum Pilatus OO-NAC
D'Pilatus PC-6 B1H2, OO-NAC, um Fluchfeld vun Temploux
Resumé vum Accident
Datum 19. Oktober 2013
Plaz Fernelmont
Land Belsch
Koordinaten 50°30'N, 5°0'O
Doudesaffer 11
Fliger
Typ Pilatus PC-6 Turbo-Porter
Identifikatioun OO-NAC
Informatiounen
ASN 161542



D'Accident vum Pilatus OO-NAC och Fligeraccident vu Gelbressée oder vu Marchovelette genannt, war den 19. Oktober 2013 géint hallwer véier Lokalzäit tëscht den Uertschafte Gelbressée an der Gemeng Namouer a Marchovelette an der Gemeng Fernelmont. Et ass zanter dem Sabenasaccident vun 1961 dat schwéierst Accident am ziville Loftverkéier an dat zweet mat enger Maschinn vum selwechte Modell an der Belsch.

De Fliger[änneren | Quelltext änneren]

De Fliger mat der Immatrikulatioun OO-NAC [1], war eng eemotoreg Propellermaschinn vum Modell Pilatus PC-6, mat engem Pratt & Whitney Turbinnemotor[2]. U Bord waren de Pilot an zéng Passagéier déi sollten e Sprong mam Fallschierm maachen, dorënner e 70 Joer ale Lëtzebuerger. Et huet kee vun hinnen d'Accident iwwerlieft.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. OO-NAC, Pilatus PC-6 B1H2, Seriennummer 710, gebaut 1969, agedroen de 5. Mäerz 2003, Regësternummer 5269, Proprietär Namur Air Promotion (src: mobilit.fgov.be)
  2. L'avion qui s'est écrasé avait déjà fait un crash en 2000