Achsenzieler

Vu Wikipedia
De Radsensor vun engem Achsenzieler vun der Firma Thales

En Achsenzieler ass e Baudeel vun engem elektronesche Sécherheetssystem, dee bei der Eisebunn agesat gëtt fir d'Achse vun engem Zuch ze zielen. Achsenzieler ginn normalerweis a Verbindung mat enger Gleisfräimeldanlag agesat. Si ziele bei der Afaart respektiv bei der Ausfaart vun engem Gleisofschnëtt d'Achsen. Wa bei der Ausfaart genee souvill Achse gezielt gi wéi bei der Afaart, dann ass de Gleisofschnëtt fräi; wann net, da gëllt en als besat.

Et ass eng Alternativ zum Gleisstroumkrees, huet awer den Nodeel datt en z. B. keng Schinnebréch mellt.

Den Achsenzieler gouf vum Schwäizer Ingenieur Ernst Rudolf Zaugg erfonnt a gouf fir d'éischt 1915 tëscht Olten an Tecknau op der neier Hauensteinstreck am Basistunnel agesat.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Achsenzieler – Biller, Videoen oder Audiodateien