Diskussioun:Achsenzieler

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Et gouf hei anscheinend Diskussiounen, wéi de Lemma vun dësem Artikel op lëtzebuergesch richteg soll heeschen, Achsenzieler, wéi den Initiator vum Artikel (eng IP) an och den Helicopter2011 seet, an dobäi drop hiweist datt dat de geleefege Fachausdrock op der Eisebunn ass, oder Achsecompteur, wéi de Les Meloures mengt, an dat begrënnt duerch verschidde lëtzebuergesch Dictionnairen, déi de Begrëff Zieler anscheinend guer net kennen.

Ech hu mer zimmlech laang Gedanken iwwer déi Problematik gemaach, an hunn e puer Saache fonnt, iwwer déi een op d'mannst emol sollt nodenken:

1. Kann ee wierklech déi Informatioun, datt Achs(en)zieler déi hei zu Lëtzebuerg agebiergert Bezeechnung fir dee Baudeel ass, vun deem mat Sécherheet emol keen Dictionnairesschreiwer weess, datt et e gëtt, komplett ignoréieren? Natierlech feelt de Beweis dofir, awer et gëtt och kee Beweis datt et net esou ass. Et handelt sech hei ëm e Fachbegrëff, deen hei zu Lëtzebuerg nëmme vun enger relativ klenger Grupp Leit méi heefeg benotzt gëtt an et kann duerchaus sinn, datt sech do e Wuert agebiergert huet wat et villäicht theoreetesch guer net däerft ginn, deenen ee menger Meenung no awer elo de Gebrauch dovun net ka verbidden. An et mécht och kee Sënn hei en aner Wuert ze benotzten wéi dat wat effektiv gebraucht gëtt, nëmme well den Dictionnaire dat Wuert net kennt. A schliisslech kann een net alles mat allgemenge Reegelen erklären, et ginn och dacks Ausnahme vun enger Reegel.

2. Ech ka mech och duerchaus erënneren, datt ech selwer de Begrëff Zieler schonn ëfters benotzt hunn, virun allem beim Wuert Kilometerzieler.

3. Wann ech wëll wësse, wéi vill Geld ech am Portemonni hunn, oder soss en Ensembel vu Saachen hunn, vun deenen ech gäre wéisst, wéi vill et der sinn, jo dann zielen ech déi, an näischt anescht mécht jo och den Achsenzieler.

Esou, elo nach vill Spaass beim Ierbessenzielen, fir dee Begrëff och nach an d'Spill ze bréngen a wat awer elo kee soll op sech bezéien. --MMFE (Diskussioun) 08:31, 24. Jan. 2016 (UTC)[äntweren]


Ma da sollte mer mol vläicht op eng Gare stoe goen, an d'Eisebunnerte froen, wéi dat Déngen heescht. Dem Helokopter säi Lëtzebuergesch ass so miserabel, an dacks ass och d'Duerstellung vu senger technescher Informatioun net grad dat Gielt vum Ee, sou datt ech him an deem Sënn guer näischt ofkafen. --Les Meloures (Diskussioun) 08:47, 24. Jan. 2016 (UTC)[äntweren]
A fir beim Historique ze bleiwen, dobäi net vergiessen datt et mat engem Achszieler ugefaangen huet, wat einfach bei de: geknäipt gouf an dem Zähler an Zieler iwwersat gouf, eng vun de ville schlechte Gewunnechten, wann aus dem däitschen iwwersat gëtt a mer dann dat schéinst Kauderwelschlëtzebuergesch dohigetässelt kréien. --Les Meloures (Diskussioun) 09:24, 24. Jan. 2016 (UTC)[äntweren]
Kann ee wierklech déi Informatioun, datt Achs(en)zieler déi hei zu Lëtzebuerg agebiergert Bezeechnung fir dee Baudeel ass, etc etc. Wien huet dann iwwerhaapt emol gesot dat wier déi agebiergert Bezeechnung, an op wat géif sech baséiert ginn? --Les Meloures (Diskussioun) 09:33, 24. Jan. 2016 (UTC)[äntweren]
Fir d'Éischt ass mäi Lëtzebuergeg net miserabel, an ech fannen et lächerlech dass e Wikipedia Admin esou subjektiv Meenunge vu sech gëtt. Außerdem sinn ech mer sécher, dass ech méi Wëssen iwwer d'Eisebunn hu wéi dir, souwéi dir an engem aanere Gebidd méi bewandert sidd. Außerdem ginn et vill Leit, déi iergende Quatsch op d'Wikipedia schreiwen deen net emol noweisbar ass! Daat waat ech zu der Wikipedia (net(well dir alles refuséiert)) bäidroen ass ëmmer entweder an aanere Sproochen op Wikipedia oder op groußen offizielle Firmesäiten nozeliesen.


Hei hannendru just e Beispill vun deem perfekte Lëtzebuergesch mat deem den Artikel ugeluecht gouf an an deem ech dat perfekt Lëtzebuergesch fett gedréckt hunn, sou datt emol jiddweree sech eng Iddi ka maache wéi et ufaangen huet:
En Achszieler - och Radsensor - ass en elektronescht Baudeel, daat agesaat gëtt, fir d'Achsen vun engem laanschtfuerenden Zuch ze zielen. Achszieleren gi normalerweis a Verbindung mat enger Gleisfräimeldeanlaag agesaat. Sie zielen dann bei der Afuert an e Gleis d'Rieder an, resp. bei der Ausfuert aus engem Gleis d'Rieder aus. Si bei der An- souwéi bei der Ausfuert genee gläich vill Achse gezielt ginn, ass de Gleisabschnitt' fräi, ass d'Resultat ongläich, gëllt de Gleisabschnitt als 'besaat'.
Vum Sazbau guer net ze schwätzen. Wa Leit déi sou Saache fäerdeg bréngen, wëllen hei iwwer korrekt Lëtzebuergesch schwätzen, dann hu mer besser mir maachen de Buttek zou. --Les Meloures (Diskussioun) 10:15, 24. Jan. 2016 (UTC)[äntweren]
Achszieleren gi normalerweis a Verbindung mat enger Gleisfräimeldeanlaag agesat.
OK, dat ass haut eent vun den Asazgebidder. Firwat gi mer net vum Eisebunnsspezialist gewuer wou déi Dénge da mol fréier gebraucht goufen, an huet och nach plazeweis agesat ginn. Sou Lächer an der Informatioun soe fir méch genuch iwwer dat dichtegt Wëssen iwwer d'Eisebunn aus. --Les Meloures (Diskussioun) 10:25, 24. Jan. 2016 (UTC)[äntweren]

Iwwer 5700 Zeechen am Talk hei, an am Artikel selwer koum näischt Substantielles derbäi.


Vun deemselwechte Spezialist haut am Artikel MemorII+  : De Memor II+ iwwerwaacht eng Bremskéier
Kann ee mer soe wat eng Bremskéier ass. Oder ass dat och sou eng hei zu Lëtzebuerg agebiergert Bezeechnung da alt just ech alleng net kennen. --Les Meloures (Diskussioun) 11:07, 24. Jan. 2016 (UTC)[äntweren]

Ech mengen et huet kee Wäert, elo hei iwwer lëtzebuergesch Schreifweis ze diskutéieren oder sech géigesäiteg Inkompetenz virzewerfen, dat dréit zur Léisung vum eigentleche Problem net bäi a féiert just zur Frustratioun. Dat sënnvollst wat bis elo gesot gouf, ass effektiv, fir Leit vun der Eisebunn ze froe, mee dat ass leider net esou direkt ze maachen. --MMFE (Diskussioun) 11:10, 24. Jan. 2016 (UTC)[äntweren]

Moien, wa Leit sech hei als Spezialisten ausginn, an dann elementar Ausdréck net kennen, da si menger Meenung no all Zweiwelen un deenen hirer Kompetenz fir enger Saach en Numm ze ginn, berechtegt. Kuck mol einfach op deem Mataarbechter seng Diskussiounssäit an iwwerlies den Artikel Memor II+ un deem alles muss verbessert ginn.

Perséinlech hat ech nach gëschter iwwer dëse Sujet e Gespréich mat Leit déi sech vill ëm d'Lëtzebuergescht beméien . Do hu mer ënner anerem och iwwer de Kilometerzähler oder -zieler diskutéiert a sinn zur Konklusioun komm datt d'Majoritéit vun de Leit d'Wuert Compteur, Kilometerzähler a fir de Vitessemoossapparat Tacho gebraucht.

Déi ironesch Bezeechnung Ierbessenzielert huet jo mam Ziele selwer, grad sou wéi mat den Ierbessen u sech, näischt um Hutt a kann dofir och net als pertinent Beispill benotzt ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 11:45, 24. Jan. 2016 (UTC)[äntweren]


Fir e bëssche weider ze komme mat eiser Diskussioun hei hat ech am Forum vu rail.lu dës Fro gestallt:
"Op der lëtzebuergescher Wikipedia gëtt et am Moment eng Diskussioun iwwer e Baudeel, deen op der Eisebunn gebraucht gëtt fir d'Achse vun engem Zuch ze zielen. Op däitsch heescht dat Achszähler, op franséisch Compteur d'essieux an op englesch Axle counter. D'Fro ass, wéi gëtt dat Stéck hei zu Lëtzebuerg genannt? Gëtt do en eenheetleche Begrëff benotzt oder gëtt et verschidde Nimm dofir? Wann dozou een (oder méi) eppes konkretes kéint soe, wäre mer ganz dankbar."
Ech krut dorop zwou Äntwerten, déi eendeitegst ass déi hei:
"En offiziellt lëtzebuerger Wuert gëtt et net, mee d'Eisebunner nennen et "Achszieler". An den offiziellen Dokumenter, déi all op franséisch sinn, gëtt et "Compteur d'essieux" genannt."
D'Fir mech ass domat d'Fro gekläert an ech réckelen den Artikel dann op "Achszieler". --MMFE (Diskussioun) 16:39, 26. Jan. 2016 (UTC)[äntweren]

Tjo, an ech hat bei engem Eisebunnert nogefrot dee sech domat beschäftegt, an dee sot mir si géifen dat Dénge meeschtens mam Markennum nennen. Sowäit dann zu den auswäertegen Informatiounen. Woubäi Achszieler fir mech och nach sproochlech falsch ass well et einfach sou aus dem Däitschen iwwersat gouf (Achszähler) ouni Rücksicht op d'Méizuel ze huelen. Firwat misst een eng Achs zielen. --Les Meloures (Diskussioun) 16:59, 26. Jan. 2016 (UTC)[äntweren]

PS. Mech géif awer och nach déi aner Äntwert intresséieren do jo dann net sou eendeiteg war. --Les Meloures (Diskussioun) 17:01, 26. Jan. 2016 (UTC)[äntweren]

Déi aner Äntwert, déi als éischt komm war, ass déi heiten: "Ech geif et emol mat Achszieler probeiren ". Béid Äntwerte koumen iwwregens vu Leit, déi hire Kont bei rail.lu schonn zanter e puer Joer hunn.--MMFE (Diskussioun) 18:03, 26. Jan. 2016 (UTC)[äntweren]
Ok, mä dann ass et nach miserabelt lëtzebuergesch an dat Ganzt erënnert mech un de Kallekpabéier, wou och den Initiateur vum Wuert et huet misse maache wéi d'Kaz déi sech selwer huet missen an de Schwanz béissen. :-) -- Les Meloures (Diskussioun) 19:15, 26. Jan. 2016 (UTC)[äntweren]