Adobe Photoshop

Vu Wikipedia
Ikon vun Adobe Photoshop

Adobe Photoshop ass e Bildbeaarbechtungsprogramm vun der Firma Adobe Inc.

Anescht wéi säi "klenge Brudder" den Adobe Photoshop Elements, dee sech un Amateurfotografe riicht, bitt den Adobe Photoshop dem Beruffsfotograf e komplette Pak fir digital Biller ze verschaffen. Et gëtt déi Software an zwou Fassungen, fir Microsoft Windows a fir macOS.

Déi éischt Versioun koum 1988 eraus. Zënterhier huet sech Photoshop zum Leader vum Marché entwéckelt, net nëmme fir d'Beaarbechtung vu Rastergrafiken, mee och fir digital Konscht. Den Numm vun der Software ass doduerch zu engem allgemenge Markenzeeche ginn, wat dozou gefouert huet, datt en och als Verb benotzt gëtt (z. B. "e Bild photoshoppen"), obwuel Adobe selwer vun esou engem Gebrauch ofréit.[1]

Mat Photoshop Elements verkeeft Adobe och eng vereinfacht Versioun vu Photoshop.

Geschicht vu Photoshop[änneren | Quelltext änneren]

D'Entwécklung vu Photoshop huet 1987 ugefaangen. Fir d'éischt huet nëmmen den Thomas Knoll um Photoshop-Projet geschafft, duerno huet e mat sengem Brudder John Knoll zesummegeschafft. Den John Knoll huet zu där Zäit bei der Firma "Industrial Light & Magic" geschafft. De Programm huet zu deem Zäitpunkt net Photoshop geheescht, mä "Display". Déi zwee Bridder hunn de Programm dauernd verbessert.

Déi éischt Ausliwwerung vun 200 Kopië vum Programm, d'Versioun 0.87, gouf ee Joer méi spéit vun der Firma Barneyscan XP realiséiert. Zu där Zäit gouf déi Software mat dem Scanner vun der Firma verkaf. Den Numm "Display" gouf duerch den Numm "Image Pro" ersat. Zu deem Zäitpunkt huet Adobe zesumme mat Letraset beschloss, de Programm "Color Studio" weider z'entwéckelen. Den Art Director vun Adobe, de Russel Brown, huet Photoshop awer besser fonnt.

1988 hunn dofir d'Knoll-Bridder an Adobe e Kontrakt fir zwee Joer ënnerschriwwen, deen d'Zukunft vu Photoshop garantéiere soll. Zwee Joer méi spéit, am Februar 1990, gouf du Photoshop S1.0 vun Adobe exklusiv fir den Apple Macintosh verëffentlecht. Vun Ufank u war d'Software zur Beaarbechtung vu gescannte Biller geduecht.

Obwuel Photoshop haaptsächlech zur Beaarbechtung vun drockfäerdege Biller programméiert gouf, sinn och ëmmer méi Biller fir de World Wide Web (WWW) mat Hëllef vun deem Programm entstanen.

Bei der Versioun S5.5 koum de Programm "ImageReady" eraus. Dës nei Software huet eng speziell Geschierkëscht fir d'Entwécklung vu WWW-Biller zur Verfügung gestallt. Bis zur Versioun Photoshop CS2 goufen all déi Funktiounen an de Photoshop agebaut.

Vun 2003 un, mat der Aféierung vun der 8. Versioun vu Photoshop, gouf d'Benennung vum Programm geännert an d'Buschtawen "CS" hannendru geschriwwen. "CS" stoung fir d'Creative Suite, enger Softwarerei zu där Photoshop bis 2012 gehéiert huet. Déi lëscht Versioun als Deel vun der Creative Suite war déi 13.Versioun (Photoshop CS6).

Zënter der 14. Versioun (Photoshop CC) un, am Joer 2013, ass Photoshop nëmmen nach als Deel vum Creative-Cloud-Abonnement verfügbar. Den "CC" stoung bis 2018 mat der 20. Versioun (Photoshop CC 2019) am Numm.

Vun der 21. Versioun un (Photoshop 2020), déi am November 2019 lancéiert gouf, gouf den "CC" nees aus dem Numm geholl.

Aner Informatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Iwwer Photoshop sinn eng Rei Bicher geschriwwe ginn. En plus kommen all Mount Magaziner eraus, déi sech mam Theema Photoshop befaassen.

Fir den Austausch tëscht Photoshop-User z'erliichteren, si vill Websäiten ageriicht ginn an all Joer ginn Evenementer fir Photoshop-Begeeschterter organiséiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Adobe Photoshop – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. adobe.com: Trademarks (gekuckt den 19. August 2021)