Adélaïde-Marie vun Anhalt-Dessau
Adélaïde-Marie vun Anhalt-Dessau | |
---|---|
Gebuertsnumm | Adelheid Marie von Anhalt-Dessau |
Gebuer |
25. Dezember 1833 Dessau |
Gestuerwen |
24. November 1916 Königstein im Taunus |
Aktivitéit | Kënschtler |
Famill | |
Bestuet mat | Adolphe vu Lëtzebuerg |
Kanner | Wëllem IV. vu Lëtzebuerg |
D'Adélaïde-Marie, Prinzessin vun Anhalt-Dessau gebuer de 25. Dezember 1833 zu Dessau, a gestuerwen de 24. November 1916 am Schlass vu Königstein am Taunus, war déi zweet Fra vum Herzog Adolf vun Nassau, dem spéidere Grand-Duc Adolphe vu Lëtzebuerg. Zanter hirem Jonktem war si eng begeeschtert Molerin.
Si war Éierepresidentin vum Naussauesche Konschtveräin a Member vum Cercle Artistique vu Lëtzebuerg. Op hir Propositioun hin ass de Prix Grand-Duc Adolphe an d'Liewe geruff ginn, deen all Joer vum groussherzoglechen Haff un e lëtzebuergesche Kënschtler fir säin am Salon vum Cercle Artistique vu Lëtzebuerg ausgestallt Gesamtwierk vergi gëtt.
Hir léifst Theemae waren d'Stëlliewen, d'Blummen an d'Landschaften. 1892 ass fir si e Moleratelier am Palais installéiert ginn. Hiert Uelegbild Bouquet de Fleurs ass an der Kollektioun vum Nationalmusée um Fëschmaart.