Aimé Ramond

Vu Wikipedia
Aimé Ramond
Gebuer 30. August 1918
Montgeard
Gestuerwen 19. August 1944
Roullens
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit RIF- Resistenzler

Den Aimé Ramond, gebuer den 30. August 1918 zu Montgeard, (Haute-Garonne) a gestuerwen den 19. August 1944 zu Roullens an der Aude war e franséische Resistenzler.

Militär Karriär[änneren | Quelltext änneren]

  • Vun 19371938: Elementar Instruktioun
  • Den 18. September 1939 gëtt hie bei de 502. Régiment de chars de combat zu Angoulême versat.
  • Am Mee 1940:Aspirant an der École des chars de combat zu Satory.
  • Am August 1940 gëtt de Ramond Aspirant de réserve.
  • September 1940: 18. Régiment d'infanterie zu Tarbes.
  • Am Oktober 1941 gëtt den Aimé Ramond démobiliséiert.

Resistenz[änneren | Quelltext änneren]

  • No senger Demobilisatioun war den Aimé Ramond Officier de Paix um Polizeicommissariat zu Carcassonne. Hei gëtt hie séier ee vun de Responsable vum NAP e Resistenzmouvement vun de Foctionnairen.
  • Den 30. Juli 1944 gëtt hie vun der Gestapo verhaft an zu Carcassonne an de Prisong gespaart.
  • Hie stierft fir Frankräich den 19. August 1944 exekutéiert vun der Gestapo zu Roullens an der Aude.

Dekoratiounen a Citatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Chevalier vun der Légion d'honneur.
  • Citation à l'ordre de la Nation um O.J. vum 17. August 1948 Originaltext:
    • Jeune Officier de Paix, plein d'autorité et d'allant qui, dans une situation difficile, n'hésite pas à aider de tout son pouvoir la résistance. Arrêté le 30 juillet 1944, l'ennemi connaît son rôle et veut à tout prix savoir le nom de ses amis. Malgré les pires tortures, il se tait et est lâchement assassiné le 19 août 1944.

Him zu Éiere gouf:

  • 1944 zu Carcassone eng Strooss no him genannt.
  • 1995 zu Montgeard eng Plaz no him genannt.
  • 1994 déi 50.Promotioun vun den Officiers de paix de la Police nationale no him genannt.