Al-Farghani

Vu Wikipedia
Al-Farghani
D'Statu vum Al-Farghani zu Kairo an Egypten
Gebuer Ferganadall
Gestuerwen 861
Kairo
Aktivitéit Astronom, Mathematiker, Astrolog

Den Abul-Abbas Ahmad ibn Muhammad ibn Kathir al-Farghani, latäin: Alfraganus, gestuerwen no 861, war e perseschen Astronom vum 9. Joerhonnert.

Den al-Farghani staamt aus dem Ferganadall an Zentralasien, warscheinlech aus der Stad Quva, en huet awer haaptsächlech zu Bagdad um Haff vum Kalif al-Ma'mun gelieft. Am islamesche Kulturberäich war hien ënner dem Numm Hosib (Mathematiker) a Munadschim ar-Rais (Haaptastronom) bekannt, an Europa mat der laténgescher Form Alfraganus. Hie war Astronom an Ingenieur um Kalifenhaff zu Bagdad a spéider an Egypten, wou hien d'Aarbechten um Nilometer vu Roda geleet huet.

Am Optrag vu sengem Kalif hat de Farghani eng Berechnung vum Äerdëmfang gemaach. Fir 2° vum Äerdëmfang z'ermëttelen, hat hien d'Dénger vum Kalif 224 km Wüst per Hand vermoosse gelooss. Hie konnt domat den Äerdëmfang mat 99 % Genauegkeet berechnen. Ausserdeem war hie mat de Berechnunge vum Almagest vum Claudius Ptolemäus weidergefuer an hien hat versicht, den Äerdduerchmiesser an d'Distanz vun de Planéiten z'ermëttelen. Seng Elementer vun der Himmelsfuerschung goufen op Latäin iwwersat.

De Moundkrater Alfraganus gouf no him genannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • Muhammedis Fil. Ketiri Ferganensis, qui vulgo Alfraganus dicitur, Elementa Astronomica: arabice & latine cum notis ad res exoticas sive orientales, quae in iis occurrunt. Opera bei e-rara