Alan Moore

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Alan Moore
Alan Moore (2).jpg
Gebuer 18. November 1953
Northampton
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Northampton School for Boys
Aktivitéit Comicauteur, Romancier, Science-Fiction-Schrëftsteller
Famill
Bestuet mat Melinda Gebbie
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den Alan Moore, gebuer den 18. November 1953 zu Northampton, ass ee briteschen Auteur, deen haaptsächlech fir seng Wierker am Comicberäich bekannt ass. E puer vu senge bekanntste Wierker, déi och zum Deel verfilmt goufen, si Watchmen, V for Vendetta oder och nach From Hell.

De Moore gëtt dacks zu mat deene beschte Comicsschrëftsteller gezielt. Heiansdo benotzt hie Pseudonymmer, wéi Curt Vile, Jill de Ray oder och nach The Original Writer.

Kandheet an Jugend[änneren | Quelltext änneren]

De Moore ass den 18. November 1953 zu Northampton am Quartier The Boroughs gebuer, enger Géigend mat groussem Aarmut an engem héije Prozensaz vun Analphabeten. Vu Klengem un huet hie vill Bicher gelies, déi hien an der lokaler Bibliothéik geléint huet. Déi éischt Erfarung mat der Comicwelt hat hien an der Primärschoul. Do huet hien ënner anerem The Flash a The Fantastic Four kennegeléiert.

De Moore war ëmmer e relativ gudde Schüler bis hien an d'Northampton Grammar School ugeholl gouf. Do si seng Notte géi erofgaangen an hie war mat ee vun de schlechtste Schüler. Eng Konsequenz dovu war, datt de Moore ni vill vun enger akademescher Weiderbildung gehalen huet. Géint Enn 1960 huet hien ugefaangen, Poesie an eege Texter a sougenannte Fanzines, Magasinnen, déi vun Amateuren opgestallt goufen, ze publizéieren. De Moore huet dunn ugefaangen, mat LSD an der Schoul ze dealen, wat him Problemer mat der Direktioun abruecht huet. Et ass sou wäit komm datt hie systematesch a kengen akademeschen Institutiounen méi geholl gouf. Ier hie sech entscheet huet, en eegestännegen Auteur ze ginn, huet hien nach e puer aner Aarbechte gemaach fir iwwert d'Ronnen ze kommen. Hien huet zum Beispill eng Zäitlaang an enger Gierwerei geschafft.

Carrière[änneren | Quelltext änneren]

Ufank: 1978-1980[änneren | Quelltext änneren]

1978 huet de Moore sech entscheet, professionell Comicstrips ze publizéieren. Säin éischte bezuelten Job waren e puer Illustratiounen, déi am Museksmagasinn NME publizéiert goufen. Kuerz drop huet de Moore ënnert dem Pseudonym Curt Vile d'Serie Riscoe Moscow fir 35 Pond an der Woch am Sounds publizéiert. 1979 huet hien och ugefaangen, Maxwell the Magic Cat an der Zeitung Northants Post ze publizéieren, wat him 10 Pond d'Woch abruecht huet. Hien huet bis 1986 u Maxwell the Magic Cat geschafft. An där Zäit huet de Moore och decidéiert, nach just Geschichten ze schreiwen, a kee Comic dozou ze zeechnen, well hie senger Meenung no net séier genuch an net qualitativ héichwäerteg genuch zeechne konnt.

Marvel UK, 2000AD an Warrior: 1980-1984[änneren | Quelltext änneren]

Tëscht 1980 an 1984 huet de Moore als Freelance-Auteur geschafft an huet fir verschidde britesch Comicsmagasinne geschriwwen, ënner anerem Marvel UK, 2000AD a Warrior. Wärend där Zäit gouf hien, grad sou wéi och d'Comics am Allgemengen ganz populär. An deene Joren huet 2000AD iwwer 50 Geschichte vum Moore publizéiert, ënner anerem fir Future Schocks. D'Editeure ware positiv iwwerrascht vun der Leeschtung vum Moore, an hunn him déi permanent Serie Skizz ugebueden, déi liicht um Film ET baséiert war.

Marvel UK, déi och schonn e puer vum Moore senge Wierker kaf haten, hunn hie fir de Comic Captain Britain engagéiert. Déi drëtt Zeitung, fir déi de Moore an deene Joren och geschafft huet, war Warrior. Dee Magasinn huet vill Wäert drop geluecht, sengen Auteure vill Fräiraum unzebidden, wat et dem Moore erméiglecht huet, säi volle Potenzial zu där Zäit z'erreechen. Hien huet fir si V for Vendetta a Marvelman geschriwwen.

Obwuel de Moore ee vun de populäersten Auteuren vun 2000AD war, huet hien ëmmer manner fir si geschriwwen, well senger Meenung no déi Magasinnen net transparent genuch mat hir Auteuren waren.

Den amerikanesche Maart an DC Comics: 1983-1988[änneren | Quelltext änneren]

Wéinst all dem Moore senge Publikatiounen am Groussbritannien ass de Len Wein, deemools den Editeur vun DC Comics, op hien opmierksam ginn an huet hien 1982 engagéiert, fir un der Revue The Saga of The Swamp Thing, déi sech scho laang net méi gutt verkaaft huet, ze schaffen. De Moore huet déi Serie quasi frësch erfonnt, andeems hien net nëmmen Horror-Elementer, mä och Kritik u sozialen an ekologesche Mëssstänn agebaut huet. Ee puer vun den nei erfonnte Figure kruten hir eege Comics, wéi zum Beispill den John Canstantine mat Hellblazer. No sengem Succès mat The Swamp Thing huet Moore ënner anerem och zwou Geschichte fir d'Serie Superman geschriwwen, "For the Man Who Has Everything" a "Whatever happened to the Man of Tomorrow?"

Watchmen, déi 1986 fir d'éischt publizéiert gouf, war déi Serie, déi dem Moore de groussen Duerchbroch als Auteur erméiglecht huet. Dacks gëtt Watchmen als dat bescht Wierk vum Moore ugesinn, wann net souguer als dee beschte Comic dee jeemools publizéiert gouf[Source?]. Watchmen hat sou ee grousse Succès, well e méi fir Erwuessener konzipéiert war. De Moore huet weiderhi fir DC Comics geschriwwen, zum Beispill 1988 fir d'Batman-Serie "The Killing Joke", mä seng Bezéiung zu DC Comics huet sech ëmmer méi verschlechtert, ënner anerem wéinst den Auteursrechter. 1989 huet de Moore opgehale fir DC Comics ze schreiwen.

Onofhängegkeet a Mad Love 1988-1993[änneren | Quelltext änneren]

Nodeems de Moore opgehalen hat, fir DC Comics ze schreiwen, huet hien zesumme mat senger Fra Phylis an der Deborah Delano en eegent Editiounshaus opgemaach dat se Mad Love genannt hunn. Amplaz, wéi gewinnt, iwwer Superhelden ze schreiwen, hu sech hir Wierker mat Realismus befaasst, andeems se normal Mënschen a politesch Themen behandelt hunn. De Moore huet seng Wierker benotzt fir verschidde Mëssstänn an der Gesellschaft ze kritiséieren, wie zum Beispill d'Diskriminatioun vun homosexuelle Mënschen. Mad Love huet awer net laang iwwerlieft an ass 1991, wéi der Phylis an dem Alan Moore hir Bezéiung an d'Brëch goung, auserneegefall.

De Moore huet du fir d'Revue Taboo geschriwwen. Säin éischt Wierk war d'Serie "From Hell", eng fiktiv Erzielung iwwert den Jack The Ripper, ee Massemäerder vun ëm 1880. Hien huet iwwer 10 Joer laang Geschichten fir "From Hell" geschriwwen, an ass vu verschiddenen Editeure publizéiert ginn, well Taboo net sou laang iwwerlieft huet.

De Moore huet och wärend där Zäit relativ vill experimentéiert, wéi zum Beispill mam Wierk Lost Girls. D'Handlung dovun ass relativ aussergewéinlech, well et geet drëms wéi d'Alice aus Alice in Wonderland, d'Dorothy aus The Wonderful Wizard of Oz an d'Wendy aus Peter Pan sech an engem Hotel treffen an iwwert hir sexuell Erliefnesser schwätzen. Genee wéi '"From Hell" huet déi Serie Taboo iwwerlieft a gouf iwwert d'Joren onreegelméisseg publizéiert, bis se 2006 an enger kompletter Editioun publizéiert gouf. An derselwechter Zäit huet de Moore och u Voice of The Fire geschafft, dat 1996 publizéiert gouf.

Image Comics: 1993-1998[änneren | Quelltext änneren]

1993 ass de Moore erëm bei e gestanene Verlag zréckgaangen an huet ugefaangen, fir Image Comics ze schreiwen. Deen Editeur war bekannt dofir, a senge Publikatiounen explizit Gewalt an héich sexualiséiert Fraen duerzestellen, sou dass vill Fans vum Moore iwwer säi Choix vun deem Verlag iwwerrascht waren. Hien huet u verschiddene Wierker geschafft, wie zum Beispill 1963 u Spawn.

Wéi de Rob Liefeld, ee vun de Grënner vun Image Comics, sech selbstänneg gemaach huet a seng eege Firma, Awesome Entertainment, opgemaach huet, huet hien dem Moore den Optrag ginn en Universum fir all déi Personnagen ze schafen, déi hie vun Image matgeholl huet. De Moore huet dat gemaach, mä huet relativ séier opgehale mat Image Comics an Awesome Entertainment ze schaffen, well hien net mat den Editeuren zefridden war.

America's Best Comics: 1999-2008[änneren | Quelltext änneren]

Mat der Entstehung vun America's Best Comics, kuerz ABC, duerch den Jim Lee an de Moore, an dono den Opkaf vun ABC duerch DC Comics, huet sech de Moore erëm ënnert dem Optrag vun DC fonnt. Obwuel de Moore net zefridden mat der Saach war, huet hie sech entscheet fir ze bleiwen, well ze vill Leit involvéiert waren. ABC gouf 1999 offiziell gegrënnt.

Déi éischt Serie déi vun ABC publizéiert gouf, war The League of Extraorinary Gentlemen, déi lauter bekannt Personnagen aus der Literatur zesummegeholl huet, wéi zum Beispill den Dracula oder och nach den Dr. Jeckyll an de Mr. Hyde. ABC huet nach weider Wierker vum Moore publizéiert, déi relativ erfollegräich waren. Beispiller wieren Tom Strong, Top 10 oder Promethea.

Obwuel DC versprach hat, sech net méi an dem Moore seng Wierker anzemëschen, hu si e puer Mol d'Publikatioun vu Comicke vun him verbueden, wat dozou gefouert huet, dass de Moore ABC nees verlooss huet.

Onofhängegkeet: 2009 bis elo[änneren | Quelltext änneren]

Zanterdeems huet de Loore un e puer neie Projeten geschafft. Ee Beispill wier eng nei Saga vu The League of Extraorinary Gentlemen, Volume III: Century, déi tëscht 2009 an 2012 an dräi Deeler publizéiert gouf. Hie schafft weiderhin un engem Spin-off vun dëser Serie, genannt Nemo, mat der Hëllef vum Kevin O'Neill.

Nodeems hien 2016 dat lescht Buch vu The League of Extraordinary Gentlemen geschriwwen hat, huet de Moore matgedeelt, dass hien ewell ophale géif, reegelméisseg Geschichten ze publizéieren.

Referenzen[Quelltext änneren]

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Alan Moore – Biller, Videoen oder Audiodateien