Alejandro Maldonado Aguirre

Vu Wikipedia
Alejandro Maldonado Aguirre
Gebuer 6. Januar 1936
Guatemala-Stad
Nationalitéit Guatemala
Aktivitéit Affekot, Politiker, Riichter, Diplomat

Den Alejandro Baltazar Maldonado Aguirre, gebuer de 6. Januar 1936 zu Guatemala-Stad, ass e guatemalteekesche Jurist a Politiker.

Hie gouf den 3. September 2015, als Nofollger vum Otto Pérez Molina, deen huet missen zerécktrieden, Staatspresident vu Guatemala. Ma och hie gouf beschëllegt, zum Steierbedruchssréseau La Linea ze gehéieren, an huet dofir säin Amt just ad interim ausgefouert, well et am Dezember Neiwale gouf an de Jimmy Morales de 16. Januar 2016 als nei gewielte President vereedegt gouf.

Hie war Member vum Movimiento de Liberación Nacional, MLN), gouf 195an de Gemengerot vu Guatemala-Stad gewielt, a war vun 1966 bis 1970 Deputéierte fir den MLN am guatemalteekesche Parlament.

1970 bis 1974 war hien Educatiounsminister. Dono war hien, bis 1980, Ambassadeur bei de Vereenten Natiounen, zu New York an zu Genf.

1978 war hie Matgrënner vun der Partido Nacional Renovador, PNR. Vun 1984 bis 1986 war de Maldonado Member vun enger Constituante, an dono vun 1986 bis 1991 an dann nees vun 1996 bis 2001 Riichter um Verfassungsgeriicht. Dertëschent war e vun 1991 bis 1995 Ambassadeur a Mexiko.

2002 huet hie mat aneren nees eng nei Partei gegrënnt, de Partido de Avanzada Nacional, PAN. Hie gouf dofir an d'Parlament gewielt, wouvun e bis 2005 Vizepresident war.

Dono gouf de Maldonado op en Neits Riichter um Verfassungsgeriicht, a blouf do bis 2015. 1989 an 2006 war e President vun deem Geriicht.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Alejandro Maldonado Aguirre – Biller, Videoen oder Audiodateien