Alen Observatoire vu Lund

Vu Wikipedia
Dat historescht Gebai vum alen Observatoire, vun der Svanegatan aus gesinn

Den alen Observatoire vu Lund (schweedesch Lunds gamla observatorium) ass en Observatoire an der südschweedescher Stad Lund. E war bis 2001 Deel vun der Fakultéit fir Astronomie vun der Universitéit Lund.

Dat haitegt Gebai dat als Kulturdenkmal klasséiert ass, gouf vum Helgo Zettervall gebaut an 1867 ageweit, nodeem d'Fakultéit vum zentral geleeëne Kungshuset dohi geplënnert war. 1897 gouf de Carl Charlier Direkter vum Observatoire. Et läit am Observatorieparken, direkt nieft dem Stadpark. Ronderëm dat Ganzt lafe Festungsdeeler aus dem Mëttelalter. Den Observatoire ass mat engem 25 cm grousse Refrakter plus Meridiankrees ekipéiert. An den 1950er-Jore gouf op Initiativ vum Knut Lundmark e Panoramabild vum Nuetshimmel produzéiert, déi sougenannt „Vintergatskarta“. Tëscht 1978 an 2001 war e Planetarium am Gebai installéiert, dat fir Interessenten zougänglech war.

D'Astronomesch Fakultéit war 2001 an hiren neien Institut un der Sölvegatan, am Norde vun der Stad geplënnert. Den neien Observatoire gouf dobäi an den ale Waassertuerm vu Lund integréiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie