Carl Charlier

Vu Wikipedia
Carl Charlier
Gebuertsnumm Carl Vilhelm Ludwig Charlier
Gebuer 1. Abrëll 1862
Gestuerwen 5. November 1934
Lunds
Nationalitéit Schweden
Educatioun Universitéit Uppsala,
Pulkowo-Observatoire
Aktivitéit Astronom, Sta­tis­ti­ker, Botaniker
Member vun Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften

De Carl Vilhelm Ludwig Charlier gebuer den 1. Abrëll 1862 a gestuerwen de 5. November 1934 war e schweedeschen Astronom.

Hien huet säin Doktortitel vun de Wëssenschaften (Ph.D.) vun der Universitéit Uppsala am Joer 1887 kritt. Spéider ass hien dann op d'Universitéit vu Stockholm gaangen. Am Joer 1897 ass hie Professer fir Astronomie an Direkter vum Observatoire an der Universitéit vu Lund ginn.

Hie gouf bekannt fir seng statistesch Studien iwwer d'Stären an eiser Galaxis, hir Positiounen an hir Beweegungen. Aus allem huet hie versicht e Modell vun eiser Galaxis z'entwéckelen.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Och e Mound-Krater an e Mars-Krater goufen no him genannt, grad sou wéi den Asteroid 8677.