Alexei Archipowitsch Leonow
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Alexei Leonow)
Alexei Archipowitsch Leonow | |
---|---|
Gebuer | 30. Mee 1934 |
Gestuerwen | 11. Oktober 2019 |
Doudesursaach | Zockerkrankheet |
Nationalitéit | UdSSR, Russland |
Aktivitéit | Astronaut, Moler, Schrëftsteller, Juegdpilot, Explorateur, Aviateur |
Partei | Eenegt Russland, Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun |
Den Alexei Archipowitsch Leonow (ru.: Алексей Архипович Леонов, gebuer den 30. Mee 1934 zu Listwjanka bei Kemerowo, Russesch SFSR, a gestuerwen den 11. Oktober 2019 zu Moskau[1], war e sowjetesche Kosmonaut.
Hie war den 18. Mäerz 1965, deen éischte Mënsch, dee säi Raumschëff (d'Woschod 2 um Orbit ronderëm d'Äerd), verlooss huet, an, just un enger Léngt festgehalen, am Weltraum geschwieft ass (e sougenannte Baussebordasaz).
De 15. Juli 1975 ass hie mat u Bord vun der Sojus 19 gestart, déi zwéin Deeg drop un engem Apollo-Raumschëff ugekoppelt huet, wat déi éischt owjetesch-amerikanesch Kooperatioun am All war.
De Leonow hat de militäresche Rang vun engem Generalmajouer.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren](däitsch Iwwersetzungen)
- Alexei A. Leonow, Wladimir I. Lebedew: Der Mensch im Weltall. Die Wahrnehmung von Raum und Zeit im Kosmos. Urania Verlag, Leipzig / Jena / Berlin 1969
- Alexei Leonow: Spaziergänger im All. Erinnerungen. Deutsche Verlagsanstalt, Stuttgart 1971, ISBN 3-421-01559-7
- Aleksej A. Leonov, David Randolph Scott, Christine Toomey: Zwei Mann im Mond. ECON Verlag, Berlin 2004, ISBN 3-430-15975-X
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Aleksei Leonov – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Video vu senger Sortie am All op nasa.gov
- «Es zieht mich immer noch ins All» (Interview am Tagesanzeiger)
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Russischer Raumfahrt-Pionier Alexej Leonow gestorben." In: Frankfurter Allgemeine Zeitung, 11. Oktober 2019. Gekuckt den 11. Oktober 2019.