Alfredo Landa
Alfredo Landa | |
---|---|
Gebuertsnumm | Alfredo Landa Areta |
Gebuer |
3. Mäerz 1933 Pamplona |
Gestuerwen |
9. Mee 2013 Madrid |
Doudesursaach | Alzheimer |
Nationalitéit | Spuenien |
Aktivitéit | Schauspiller, Filmschauspiller |
Den Alfredo Landa Areta, gebuer den 3. Mäerz 1933 zu Pamplona, a gestuerwen den 9. Mee 2013, war e spuenesche Schauspiller, deen an iwwer 120 Filmer matgespillt huet.[1]
Nodeem hien an den 1950er Joren e puer Joer Theater a Synchronisatioun gemaach huet, hat hie seng éischt wichteg Roll am José María Forqué sengem Atraco a las tres (1962). An de spéiden 1970er Joren, nom Doud vum Francisco Franco, 1975, an dem Ophiewe vun der Zensur, huet hien eng sëllege Rollen a Sexfilmercher gespillt, meeschtens ënner der Regie vum Mariano Ozores an dem Pedro Lazaga, wou en dann d'Roll vun engem verklemmten eeleren Här hat. Et gouf souguer en Ausdrock dofir: landismo.[2]
Duerno huet hien awer säin Image kënnen änneren an a méi serieuse Rolle säin Talent weisen, wéi z. B. déi vun engem Brigang an El Bosque animado.[3]
1984 krut hien zesumme mam Francisco Rabal, um Filmfestival vu Cannes de Präis fir de beschte männleche Schauspiller a Los santos inocentes. Ausserdeem gouf hien ë. a. siwemol fir e Goya als bescht Haaptroll nominéiert, an zweemol domat ausgezeechent, sou wéi och mat engem Éieren-Goya fir säi Liewenswierk.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Pamela Rolfe: "Spanish Actor Alfredo Landa Dies at 80." In: The Hollywood Reporter, 09.05.2013
- ↑ Francisco Umbral: " Alfredo Landa", in: El País, 1984-06-18.
- ↑ "Alfredo Landa, Goya de Honor por su carrera artística. In: 20 minutos, 2007.