Allotropie
Ausgesinn
Dëse Chimiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Allotropie ass d'Eegeschaft vu verschiddene cheemeschen Elementer fir am selwechten Aggregatzoustand an zwou oder méi Strukturformen (Allotropen) z'existéieren, déi sech physikalesch a wat hir cheemesch Reaktivitéit ubelaangt ënnerscheeden. Bei ënnerschiddlechen Isotoper schwätzt een net vun enger Allotropie.
Beispiller
[änneren | Quelltext änneren]- Kuelestoff kënnt net nëmmen als faarflosen, extreem haarden Diamant vir, dee keen elektresche Stroum leet, mä ënner anerem och als schwaarzen, mëlle Graphit, deen de Stroum leet.
- De Sauerstoff an der Otemloft (O2 „Disauerstoff“) huet kee Geroch an ass liewesnoutwenneg, wougéint den Ozon (O3) stiechend richt a schonn a klenge Quantitéiten (>100 ppb) gesondheetsschiedlech ass.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Allotropie – Biller, Videoen oder Audiodateien |