Amateur Telescope Making

Vu Wikipedia
Einfachen Dobson-Teleskop (ouni a mat Streeliichtschutz)

Amateur Telescope Making, ofgekierzt ATM, ass déi englesch Bezeechnung fir de Bau vun Teleskopen als Hobby. D'Ofkierzung steet och fir Amateur Telescope Maker. Et handelt sech dobäi ëm eng Aktivitéit déi an den 1920er-Joren opgedaucht ass, bei där sech den Hobbyastronom seng Teleskopen net keeft, mä doheem selwer baut.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Virum éischte Weltkrich waren Amateurastronome mat Eegebauteleskope ganz rar. Den Ufank vun der ATM-Beweegung war eng Artikelserie am Scientific American am Joer 1923, an där den Eegebau vun engem Teleskop ausféierlech beschriwwe gouf. D'Auteure waren de Russell W. Porter an den Albert Graham Ingalls. D'Serie koum spéider als Buch an dräi Bänn eraus, dat bis haut mach disponibel ass. ATM hat déi éischt Amateurastronomeklibb an den USA gegrënnt a lues a lues och op den anere Kontinenter.

Schonn zanter dem Ufank vun der ATM-Beweegung hunn Eegebauer gréisstendeels Newton-Teleskope gebaut. Nodeem den amerikaneschen Amateurastronom John Dobson géint Enn vun den 1960er-Joren d'Prinzip vun der Dobson-Montéierung virgestallt hat, huet sech d'Kombinatioun vum Newton-Teleskop op Dobson-Montéierung duerchgesat – dat sougenannt Dobson-Teleskop – ënner Teleskopeegebauer wéinst dem einfachen Opbau vill beléift.

Teleskop[änneren | Quelltext änneren]

Schläife vun engem 30-cm-Spigel

Haut ass den Amateurteleskopbau op bal allen Deeler vun der Äerd verbreet, a ville Fäll gëtt och d'Optik selwer geschlaff a poléiert: Bis ronn 15 cm Duerchmiesser eegne sech sphäresch Spigelen déi am einfachsten ze schläife sinn, doriwwer gi meeschtens paraboliséiert Spigele gebraucht, déi méi e kuerzt Verhältnes vun der Ëffnung zu der Brennwäit erlaben.[1] Domat sinn och Duerchmiesser bis ronn 60 cm no deem Schema sënnvoll méiglech.

Et gëtt zwar ëmmer nees erfollegräich Eegekonstrutioune vun aneren Teleskoptyppen, wéi beispillsweis de Ritchey-Chrétien-Cassegrain-Teleskop vum Observatoire vun Harpoint an Éisträich an en ettlech Teleskope mat Spigelduerchmiesser vu méi wéi engem Meter.[2],[3],[4],[5],[6]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. When can the mirror in a Newtonian telescope be spherical?
  2. Robert Houdart: The 110 cm Cruxis Telescope
  3. Robert Houdart: Dr. Erhard Hänssgen's 42 inch Dobsonian Telescope
  4. Dan Bakken: Hercules - A 41.2" Newtonian Telescope
  5. Steve Swayze: The 40-inch f/5 telescope
  6. Mel Bartels: Largest Amateur Telescopes