Amis de l'orgue - Luxembourg
| Amis de l'orgue - Luxembourg | |
|---|---|
| Rechtsform | Association sans but lucratif |
| Sëtz | Lëtzebuerg |
| 34, rue Laurent Menager | |
| RCS | F5371 |
| Websäit | https://www.amisdelorgue.lu/ |
|
| |
D'Associatioun Amis de l'Orgue - Luxembourg ass eng Vereenegung vun Uergelfrënn, déi sech als Zil gesat huet, d'Uergelmusek, d'Uergelen, d'Organisten an déi lokal Uergelvereenegungen zu Lëtzebuerg z'ënnerstëtzen an ze fërderen, haaptsächlech duerch d'Organiséiere vun Uergelconcerte vun den diverse Richtungen op verschiddene Plazen am Land. D'Vereenegung gouf 1974 gegrënnt, an de Comité besteet haut aus 10 Memberen, souwuel aus haapt- an niewenamtlechen Organiste wéi och aus Uergelbegeeschterten. Elektronesch Uergel-Imitatioune gehéieren net zu hirem Domaine.
Chronik
[änneren | Quelltext änneren]No engem Uergelconcert, deen den Xavier Darasse den 20. November 1972 an der Méchelskierch um Fëschmaart ginn hat, koum d'Iddi op, eng Associatioun ze grënnen. Et huet bis 1974 gedauert, bis "Les Amis de l'Orgue de Saint-Michel" gegrënnt goufen. Den éischte Concert, dee vun hinnen organiséiert gouf, war de 25. Januar 1974 mam belschen Organist Bernard Foccroulle. 1980 gouf an enger aussergewéinlecher Generalversammlung decidéiert, d'Vereenegung ëmzedeefen op Amis de l'Orgue Luxembourg, well d'Zil méi wäit gefaasst gouf an net méi just d'Uergel um Fëschmaart, mä d'Uergelmusek am ganze Land sollt an de Bléck geroden. Vun elo u setzt d'Associatioun sech a fir d'Promotioun vun der Uergel(musek) am ganze Land. An de follgende Joren hu si ëmmer nees Concerte mat bekannten Organisten organiséiert, Meeschtercoursen ënnerstëtzt, a zanter 1981 offréiere si dem Gewënner vum Grand Prix de Chartres (all zwee Joer) e Concert zu Lëtzebuerg. D'Amis de l'Orgue hunn och ëmmer erëm besonnesch Jubiläe vu berüümte Museker besonnesch gefeiert, duerch d'Organiséiere vu sougenannten Integralen (z. B. Bach-Integral am Joer 2000 oder Messiaen-Integral am Joer 2008). Zanter 1987 gëtt et Uergelauditiounen vun enger hallwer Stonn all Samschdeg Moien um 11 Auer, ofwiesselend an der Kathedral an an der Méchelskierch, bei deenen international renomméiert Organisten optrieden. Zanter e puer Joer gehéiert och eng Journée de l'Orgue am Oktober (mat Visitt vu verschiddenen intressanten Uergelen, engem Iessen an engem groussen Ofschlossconcert) zum feste Programm.
Kommitee
[änneren | Quelltext änneren]Den aktuelle Kommitee(2014) setzt sech follgendermoossen zesummen:
- President: Paul Kayser
- Vizepresident: Paul Breisch
- Sekretär: Pierre Hack (Éierepresident)
- Keess: Judith Tagliaferri
- Member: Stefanie Duprel
- Member: Francis Erasmy
- Member: Laurent Felten (Éierepresident)
- Member: Romain Kandel
- Member: Nico Klein
- Member: Gilles Leyers
- Member: Francis Lucas
- Member: Jos Majerus
