Analcim

Vu Wikipedia
Analcim
Analcim vum Mont Saint-Hilaire am Québec

Analcim ass e Mineral, dat zu de Tektosilikate gehéiert.

Den Numm[änneren | Quelltext änneren]

Analcim huet säin Numm vum griicheschen analkis, dat schwaach bedeit. Wann dat Mineral waarm gemaach gëtt oder geriwwe gëtt, luet et sech nëmme schwaach elektrostatesch op.

Wou et ze fannen ass[änneren | Quelltext änneren]

D'Kristallen entstinn un de Borden a bannent den Huelraim am Granit, Basalt an Diabas. Besonnesch schéiner goufen an Neiséiland, Island, Schottland an op de Faröer Insele fonnt.

D'Faarf[änneren | Quelltext änneren]

Analcim ass meescht ouni Faarf, oder et geet an dat Wäisst eran. Et kann awer orange, rosa, giel, brong oder rout sinn. De Stréch ass wäiss.

Firwat et gebraucht gëtt[änneren | Quelltext änneren]

Analcim gëtt fir d'Produktioun vu Silikagel gebraucht.

Eegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Analcime – Biller, Videoen oder Audiodateien