Anamorph
De Begrëff anamorph (griichesch: ana = erop, op; morphae = Form, Gestalt, och anamorphotesch) bezeechent d'Eegeschaft vun engem optesche Bild, dat mat enger Zylinderlëns oder engem Zylinderspigel produzéiert gëtt. Sou entsteet e Bild, dat op enger Achs verzunn ass. En anamorpht Bild ass an der Breet gestaucht an an der Héicht onverännert.
En Objektiv, dat anamorph ofbilt, nennt een Anamorphot.
Gebrauch
[änneren | Quelltext änneren]An der Renaissance war d'anamorphotesch Molerei e beléift Stilmëttel. Biller goufe sou gemolt, datt si eréischt no der Ofbildung duerch en Anamorphot onverzerrt z'erkenne waren.
An der moderner Ënnerhalungselektronik a bei der Opzeechnung vu Breetwandfilmer gëtt d'anamorph Bildopzeechnung benotzt, fir e méi breet Bild op e schmuelt Format ze kompriméieren a bei der Virféierung nees ze dekompriméieren. An der Televisiounstechnik gëtt beispillsweis e 16:9-Bild an e 4:3-Bild gestaucht, wat verhënnere soll, datt duerch schwaarz Läischte Bildpixel ongebraucht bleiwen, also Iwwerdroungskapazitéit verluergeet.
Eng Alternativ zu der anamorpher Duerstellung ass d'Pillarbox-Method.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Joost Elffers, Mike Schuyt, Fred Leeman: Anamorphosen. Ein Spiel mit der Wahrnehmung, dem Schein und der Wirklichkeit (= DuMont-Taschenbücher. Bd. 107). DuMont, Köln 1981, ISBN 3-7701-1300-4.