André Abbal

Vu Wikipedia
André Abbal
Gebuertsnumm André Joseph Géraud Abbal
Gebuer 16. November 1876
Montech
Gestuerwen 20. Juni 1953
Carbonne
Nationalitéit Frankräich
Educatioun École nationale supérieure des beaux-arts
Aktivitéit Sculpteur, Zeechner
Faune
Le Centaure, 1943

Den André Joseph Géraud Abbal, gebuer de 16. November 1876 zu Montech[1] am Tarn-et-Garonne a gestuerwen den 20. Juni 1953 zu Carbonne an der Haute-Garonne, war e franséische Sculpteur an Zeechner.

Liewen a Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Den André Abbal ass an enger Famill vu Sculpteuren opgewuess an huet d'Sculptéiere vu sengem Papp an anerer Familljemembere bäibruecht kritt. Hien huet op der École supérieure des beaux-arts zu Toulouse an zu Paräis studéiert an huet dobäi d'Ateliere vum Alexandre Falguière, Antonin Mercié an Antoine Bourdelle besicht. Duerch Studienopenthalter zu Roum an zu Florenz gouf hie vum Michelangelo senge Skulpture fir säin zukünftegt Schaffe beaflosst.

Vun 1896 bis 1914 huet hien zu Paräis am Salon des artistes français ausgestallt. 1900 krut hien um Salon de Paris d'Goldmedail fir säi Relief Le labour.

1913 huet hien d'Skulptur Le génie luttant geschaf, déi hien direkt aus dem Stee gehaen huet, ouni se wéi gewinnt als éischt ze modelléieren. Hie gouf duerno e Verfechter vun dëser Technik.

Nom Éischte Weltkrich hat den Abbal 1919 als Sculpteur en Duerchbroch mat senge Wierker um Salon de jeunes.

Den André Abbal ass 1921 bestuet ginn, ass op Carbonne geplënnert an huet d'Paräisser Zeen evitéiert. 1933 huet hien e puer vu senge Wierker am Salon des tuileries ausgestallt an op der internationaler Ausstellung zu Paräis 1937 krut hien de grousse Präis fir säi Relief Moissonneuse.

Seng Skulptur Faune ass an der Kollektioun vum Nationalmusée um Fëschmaart.

Dräi Joer no sengem Doud war 1956 eng Ausstellung vu senge Wierker am Musée Galliéra zu Paräis.

Aner Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • La Vendangeuse (1936)

Als Zeechner huet den Abbal haaptsächlech Fraebiller an Nue geschaf.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • H. Schumann: Abbal, André. In: Allgemeines Künstlerlexikon. Die Bildenden Künstler aller Zeiten und Völker (AKL). Band 1, Seemann, Leipzig 1983, ISBN 3-598-22741-8, S. 46 f.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: André Abbal – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Recherche - Base de données Léonore. www.leonore.archives-nationales.culture.gouv.fr. Gekuckt de(n) 2024-01-05.