André Hartmann

Vu Wikipedia
André Hartmann
Gebuer 9. August 1954
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Sportler

Den André Hartmann, gebuer den 9. August 1954 zu Iechternach, ass e fréiere lëtzebuergesche Sportprofesser, Dëschtennisspiller a Politiker, deen zu Iechternach wunnt.[1]

De Sportprofesser[änneren | Quelltext änneren]

Den André Hartmann huet vun 1977 bis 1982 op der Universitéit vu Saarbrécken Sport studéiert a säi Studium ofgeschloss mat dem “Staatsexamen für das Höhere Lehramt” mat de Fächer “Leibeserziehung” a Franséisch.

No sengem Stage am Atheneum an am LTAML an der Redaktioun vu sengem Travail de candidature krut hien am Oktober 1986 eng Nominatioun als Sportprofesser am LTAML. Vum Schouljoer 2000/2001 u bis zu senger Pensioun am Oktober 2017 huet hien am LCE enseignéiert.

Den Dëschtennisspiller[änneren | Quelltext änneren]

Um sportleche Plang huet den André Hartmann sech als Dëschtennisspiller (DT Echternach) ervirgedoen. Hie war e puermol Champion vu Lëtzebuerg (Individuel: z. B. Seniors A: 1980, 1983; Double: z. B. Seniors A: 1972, 1979, 1988). Hien huet sechsmol un enger Weltmeeschterschaft deelgeholl: 1973 Sarajewo, 1977 Birmingham, 1979 Pjongjang, 1981 Novi Sad, 1983 Tokyo, 1985 Göteborg.

Sechsmol war den André Hartmann bei Europameeschterschaften derbäi: 1974 Novi Sad, 1976 Prag, 1978 Duisburg, 1980 Bern, 1982 Budapest, 1984 Moskau. Bei der Weltmeeschterschaft vun 1979 zu Pjongjang an Nordkorea huet hien den “tournoi de consolation” gewonnen. Am Ganzen huet den A. Hartmann siwwenzéng Joer laang an der Nationalekipp gespillt, dovun der dräizéng (vun 1972-1985) bei de Senioren.

Den André Hartmann ass zënter 1998 President vun der Dëschtennisfederatioun (Fédération luxembourgeoise de tennis de table, FLTT).

De Politiker[änneren | Quelltext änneren]

Den André Hartmann war laang Zäit President vun der DP-Sektioun Iechternach-Rouspert, Member vum Regionalkommitee Osten a vum Comité directeur vun der DP.

Hie war Member vum Iechternacher Gemengerot vum Januar 1994 bis an de Mäerz 2018. Vun 2005 bis 2011 war hien éischte Schäffe vun der Stad Iechternach.

Vun 2005 bis 2007 war den André Hartmann President vum LEADER-Grupp Mëllerdall a vun 2007 bis 2011 President vum Office régional du tourisme Mullerthal – Petite Suisse luxembourgeoise.

Den André Hartmann ass de Papp vum Carole Hartmann.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Curriculum vitae vum André Hartmann (Juni 2017).