André Viger

Vu Wikipedia
André Viger
Gebuer 27. September 1952
Windsor
Gestuerwen 1. Oktober 2006
Montréal
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Kanada
Aktivitéit Liichtathleet

Den André Viger gebuer de 27. September 1952 zu Windsor, Ontario a gestuerwen den 1. Oktober 2006 war e kanadesche Rennrullstullfuerer.

Den André Viger gouf bei engem Verkéiersaccident den 3. Juni 1973 querschnëttsgelähmt. No ville Reeducatioune war hien 1979 fir d'éischt am Rullstull bei engem Marathon derbäi. Hien huet duerno ee ganze Koup vu Gielercher an Titele krut. Hie war op Olympiaden a bei de paralympesche Spiller derbäi. 1992 huet hien d'Goldmedail iwwer 10.000 Meter gewonnen. Am Ganzen huet hien 3 Gold-, 4 Sëlwer- an 3 Bronzemedaile gewonnen.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

  • 1987 Knight of the National Order of Quebec
  • 1989 Officer of the Order of Canada
  • 2005 Paralympic Hall of Fame