AnnALes Athénée de Luxembourg
annALes [de l'] Athénée de Luxembourg, mam Ënnertitel d'annALe vum Staadter Kolléisch[1], ass den Numm vun enger Publikatiounsserie, déi ënner dem Direkter Joseph Salentiny eemol am Joer vum Kolléisch erausgi gouf.
Déi zwéi grouss Buschtawen am Numm si vun der gebräichlecher Ofkierzung vum Numm vun der Schoul ofgeleet: AL, Athénée de Luxembourg.
Haaptziler vun der Publikatioun sinn:
- d'Schoulcommunautéit virzestellen;
- d'Chronik vum virege Schouljoer ze presentéieren;
- eng Tribün z'offréiere fir Perséinlechkeeten déi dem Kolléisch nostinn.
Haaptverantwortleche vun der Publikatioun (rédacteur en chef) bis de Band 10 war de Professer Guy Weirich. Fir de Band 11 war et de Professer Christian Reidenbach.
Den éischte Band ass am September 2008 erauskomm. D'Artikele sinn op Franséisch, Däitsch, Englesch a Lëtzebuergesch geschriwwen. Zu jiddwerengem Band gehéieren zwou DVDe mat Fotoen a Filmsequenzen aus dem Liewe vun der Schoul; zënter 2017 goufen d'DVDen duerch en USB-Stick ersat. De leschte Band ass am Mee 2019 erauskomm.
D'Serie koum am Format 29,7 × 23,2 cm eraus.
D'Nofolleg vun den aanALes ass d'Buch, dat zanter 2021 eraus kënnt.
Bibliographesch Referenzen
[änneren | Quelltext änneren]- annALes Athénée de Luxembourg d'annALe vum Staadter Kolléisch.
- Band 1, September 2008. 319 S. Dréckerei saint-paul, Lëtzebuerg. Ouni ISBN.
- Band 2, September 2009. 413 S. Dréckerei saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-99959-631-1-8
- Band 3, September 2010. 415 S. Dréckerei saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-99959-631-2-5
- Band 4, September 2011. 415 S. Dréckerei saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-99959-631-3-2
- Band 5, September 2012. 448 S. Dréckerei saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-99959-631-4-9
- Band 6, September 2013. 464 S. Dréckerei saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-99959-631-5-6
- Band 7, September 2014. 464 S. Dréckerei saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-99959-631-6-3
- Band 8, September 2015. 415 S. Dréckerei saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-99959-631-7-0
- Band 9, September 2016. 447 S. Dréckerei saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-99959-631-8-7
- Band 10, September 2017. 559 S. print solutions s.à.r.l., Lëtzebuerg. ISBN 978-99959-631-9-4
- Band 11, Mee 2019. 463 S. print solutions s.à.r.l., Lëtzebuerg. ISBN 978-99959-0-365-7
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Salentiny, J. & Guy Weirich (am Gespréich), Eine Schulgemeinschaft im besten Licht; in: annALes Nr. 11 / 2017-2018; Ss. 20-23 (betrëfft de Projet annALes, seng Realisatioun a seng Bedeitung fir d'Communauté athénéenne).
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Am leschte Band Nr 11 ass d'Schreifweis den neie Reegelen ugepasst: d'annALe vum Stater Kolléisch.