Antonín Mrkos

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Antonin Mrkos)
Antonín Mrkos
Gebuer 27. Januar 1918
Gestuerwen 29. Mee 1996
Prag
Nationalitéit Tschechesch Republik, Tschechoslowakei
Educatioun Comenius-Universitéit Bratislava
Aktivitéit Astronom, Asteroidenentdecker

Den Antonín Mrkos, gebuer de 27. Januar 1918 zu Střemchoví a gestuerwen den 29. Mee 1996 zu Prag, war en tschecheschen Astronom.

De Mrkos huet um Štefánik-Observatoire an der haiteger Slowakei an um Kleť-Observatoire an dem haitegen Tschechie geschafft. An den 1950er Jore war hien als Member vun enger sowjetescher Expeditioun 18 Méint an der Antarktis an huet do ënner anerem och d'Polarliichter studéiert.

Spéider ass hien nach op eng aner Expeditioun ageluede ginn. De Mrkos war zu där Zäit och Member vun der Protection civile an de Bierger rondrëm de Lomnický štít an huet ëm déi 100 Persounen aus schwierege Lage gerett.

1965 huet de Mrkos den Observatoire um Kleť iwwerholl an dem Observatoire seng Renommé ënner anerem mam Abau vu Maksutov-Teleskope verbessert. De Mrkos war och Dozent op de mathematesch-physikalesche Léierstill op den Universitéite Prag an České Budějovice.

Hien huet 11 Koméiten entdeckt, dorënner den 18P/Perrine-Mrkos, den 124P/Mrkos an den C/1957 P1 souwéi 273 Asteroiden.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie