Maksutov-Teleskop

Vu Wikipedia
De Stralegank vun engem Maksutov-Cassegrain-Teleskop
De Maksutov-Teleskop MENISCAS 180. Eng 3D-PDF-Duerstellung ass hier ze fannen.
Zanter 1954 an Amerika fabrizéiert Questar 3,5-Zoll-Maksutov-Cassegrain-Teleskop

De Maksutov-Reflekter ass eng Teleskopkonstruktioun, déi nom russeschen Optiker Dmitri Maksutow genannt gouf. Si gëtt och als Tele-Objektiv benotzt. De Maksutov-Teleskop[1] gëtt meeschtens mam Cassegrain-Stralegank ausgefouert a gläicht dann dem Schmidt-Cassegrain-Teleskop. D'selwecht wéi deen huet en e sphäreschen Haaptspigel, mat engem Lach an der Mëtt. Méi rar si Maksutov-Newton-Teleskopen, déi vum Newton-Teleskop ofgeleet sinn. De renge Maksutov-Teleskop ass, wéi de renge Schmidt-Teleskop, nëmmen als Astrokamera ze benotzen, well de Fokus bannen am Tubus ass. Duerch d'Kombinatioun vu Lënsen a Spigelen handelt et sech ëm e katadioptresche System. Obwuel de Prinzip nom Maksutow genannt gëtt, gouf en onofhängeg vum Kurt Penning[2] souwéi vum Albert Bouwers[3] eppes méi fréi entdeckt.

An der viischter Tubusëffnung sëtzt eng meniskusfërmeg Lëns, déi d'sphäresch Aberratioun vum Haaptspigel korrigéiert. Si dréit gläichzäiteg de Sekundärspigel. Wann deen op der Lënserécksäit opgedämpt ass, dann nennt een d'Konstruktioun Gregory-Maksutov. Déi Lëns, och Korrektiounsplack genannt, ass zwar duerchgebéit, huet awer iwwer déi ganz Fläch eng bal konstant Déckt. De Faarffeeler vun der Meniskuslëns ass dofir ganz kleng. Well hir optesch Fläche, geneesou wéi den Haapt- an de Faangspigel, sphäresch sinn, ass d'Fabrikatioun vun der Optik fir e Maksutov-Teleskop däitlech méi einfach wéi bei aneren Teleskop-Typpen. Trotzdeem gëtt d'Qualitéit vun der Optik bei méi klengen Teleskope vu kengem anere System iwwertraff. D'Bauweis ass ganz kuerz. Nodeeleg ass nëmmen dat grousst Gewiicht vun der décker Korrektiounsplack.

Fir d'Fokusséierung gëtt den Haaptspigel axial mat enger Schrauf, um hënneschten Enn vum Teleskop, verréckelt.

Déi gréisst Teleskopen an där Bauform sinn an de follgenden Observatoiren:

D'HRSC-Kamera vun der Marssond Mars Express huet eng SRC (Super Resolution Channel) genannt Optik vum Maksutov-Typ, déi vun Zeiss gemaach gouf. Si huet eng Apertur vun 100 mm an eng Brennwäit vun 1000 mm.

Et gëtt eng Rei Produzente vu Maksutov-Teleskopen. Bekannt sinn de MENISCAS 150/2250 an de MENISCAS 180 vun Zeiss zu Jena. Béid Instrumenter ginn awer net méi produzéiert. Haut bidde verschidde russesch, japanesch a chineesesch Produzente Maksutov-Teleskope fir d'Amateurastronomen un.

Déi beschriwwen optesch Andeelung ass an neierer Zäit och bei Spigelobjektive fir Klengbildkamerae ganz beléift, well si méi e grousst benotzbart Bildfeld huet. Sou gëtt et Objektiver mat Brennwäite vu 500, 750 an 1000 mm. Instrumenter vun där Aart kommen aus de Länner vun der GUS a verschiddene Bauformen, deelweis och fir d'Mëttelformat 6×6 cm. Am Géigesaz zu renge Maksutov-Teleskopoptike läit bei Teleobjektiven de Fokus nom Haapt- a Géigespigel nach am Tubus. Mat enger brennwäiteverlängerter Lënsegrupp gëtt de Fokus sou wäit no hanne verlagert, datt en op d'Filmfläch vun enger opgesater Kamera fält. D'Brennwäit vum System gëtt dobäi meeschtens verduebelt.

Mat engem Adapter loosse sech däraarteg Teleobjektiver an der Maksutov-Bauform och als kompakt Teleskopen asetzen. Benotzung fannen zum Beispill Adapter, déi den Uschloss vun handelsiwwlechen Okulare mat engem Steckduerchmiesser vun 1¼″ (31,75 mm) zouloossen. Dat wuel bekanntst Beispill vu sou enger Ëmnotzung ass dat aus russescher Produktioun staamend Teleobjektiv "MC MTO-11CA" mat 1000 mm Brennwäit bei 100 mm Ëffnung, a Fachkreesser dacks och als Russentonn bezeechent.

Mam sougenannte Field-Maksutov-Reflekter gouf an der Tëschenzäit eng Variant entwéckelt, bei där d'Meniskuslëns net méi virun der Tubusëffnung, mä hanner dem Sekundärspigel sëtzt. Dat System gouf vum australeschen Amateurastronom Ralph W. Field am Joer 1981 entwéckelt.

Un enger änlecher Iddi schafft zanter 1974 de Russ Juri A. Klewzow. A senger Léisung placéiert hien zwou Meniskuslënse virum Sekundärspigel resp. eng Meniskuslëns virum Mangin-Faangspigel, wat als Klevtsov-Teleskop bekannt ass.

Den Dmitri Dmitrijewitsch Maksutow.
E Spigelobjektiv vum Maksutov-Typ

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Rolf Riekher: Fernrohre und ihre Meister. 2. Oplo. Verlag Technik GmbH, Berlin 1990 S. 338–347 ISBN 3-341-00791-1

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Maksutov-Teleskope – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Déi englesch Schreifweis "Maksutov-Teleskop" huet sech allgemeng duerchgesat, och wann no den Transkriptiounsreegelen d'Schreifweis "Maksutow-Teleskop" korrekt wier.
  2. Kurt Penning: Optisches Spiegelsystem zur Erzeugung reeller Bilder, 9. Mäerz 1941
  3. Albert Bouwers: CORRECTED SCHMIDT TYPE OPTICAL, Patentschrift, Priorität 7. Juli 1941