Mobil Applikatioun

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) App)

Eng mobil Applikatioun oder eng mobil App, meescht einfach nëmmen App genannt, ass e Computerprogramm, deen entwéckelt gouf fir op engem mobillen Apparat ze funktionéieren, wéi zum Beispill op engem Handy, engem Tablet oder enger Smartwatch. Doran ënnerscheede sech mobil Applikatioune vun den aneren Applikatiounen, déi op engem Desktopcomputer oder engem Laptop funktionéieren, a vu Webapplikatiounen, déi iwwer de mobile Webbrowser lafen amplaz direkt iwwert de mobillen Apparat.

Mobil Applikatioune goufen ufanks entwéckelt fir de Benotzer bei produktiver Aarbecht ze ënnerstëtzen, zum Beispill bei Emailprogrammen, dem Kalenner, an de Kontaktdatebanken. Duerno hu si sech awer séier an aner Domainer ausgebreet, dorënner Spiller fir mobil Apparater, GPS, oder Applikatioune fir online anzekafen.

Déi meescht mobil Applikatioune brauchen eng Internetverbindung fir ze funktionéieren. Mobil Applikatioune gi generell iwwer een App Store erofgelueden.

Wäitverbreet mobil Applikatioune sinn zum Beispill WhatsApp oder d'App vu Facebook.