Apremont (Savoie)

Vu Wikipedia
Apremont
Vue op de Mont Granier

Vue op de Mont Granier
Vue op de Mont Granier
Land Frankräich
Regioun Auvergne-Rhône-Alpes
Departement Savoie
Arrondissement Chambéry
Kanton Montmélian
Postcode 73190
Gemengecode 73017
Koordinaten 45° 30’ 54’’ N
      05° 57’ 28’’ O
Fläch  17,76 ha
Bevëlkerung  890 (1999)

Apremont ass eng franséisch Gemeng am Departement Savoie an der Regioun Auvergne-Rhône-Alpes

Apremont läit um Fouss vum 1.933 Meter héije Mont Granier net wäit ewech vun der Cluse vu Chambéry. Vun Apremont aus gesäit een déi méi wéi 700 Meter héich Stäilwand vum Granier. Dës Wand ass en Zeie vun engem groussen Äerdrutsch vu virun ongeféier 750 Joer. Deemools huet en décke Block Fiels sech geléist an d'Uertschaften déi méi déif louchen ënner sech begruewen. En aneren Zeie vun dësem Ongléck ass ee méi wéi 1.000 Kubikmeter décke Fielsbatz déi sougenante Pierre hachée.

No de Schrëfte vun de Pateren aus der Chartreuse wier den Äerdrutsch de 24. November 1284 gewiescht. Déizäit huet Apremont zu der Groschaft Savoie gehéiert, déi selwer zum Kinnekräich Burgund gehéiert huet.

Den Äerdrutsch, deen als Ausléiser den onstabile leemegen Ënnergrond vum Massif hat, ass bis bei déi haiteg Uertschafte Marnes a Myans gaangen, wou en op ale Moränen un d'Hale koum; en huet eng Fläch vun ongeféier 20 Quadratkilometer zerstéiert.

Fënnef Pare goufe vun dem Gestengs begrouwen. Et waren dëst: Cognin, Vourey, Saint-André, Granier a Saint-Péran. Zwou aner Pare goufen deelweis zerstéiert: Murs (haut Marches) wou d'Kapell komplett an e Koup gefall ass, a Myans wou den Äerdrutsch just virun der Kierch un d'Stoe koum. Do ass och deemools de Mythos vun der Schwaarzer Muttergottes entstanen.

Déi genee Zuel vun den Affer ass net bekannt, si gëtt op 1000 - 2000 geschat. Dëst Ongléck gouf am Mëttelalter als eng gëttlech Strof ugesinn.

Op den Häng vun dëse Gestengsmassen huet sech spéider de Wengert vun Apremont entwéckelt.

Kuckt och[Quelltext änneren]