Apremont (Wäin)

Vu Wikipedia

D'Appelatioun Apremont ass eng Appellation contrôlée, fir Wäiner aus der Gemeng Apremont an der Savoie, an aus der Ëmgéigend vun dëser Gemeng.

D'Wéngerte leien op den Häng vum Mont Granier op stengege Biedem.

Den Nopeschcru vum Apremont ass dee vun Abymes, dee säin Numm vun de géien Häng huet, déi no engem Fielsrutsch am 13. Joerhonnert entstane sinn. Kuckt dozou den Artikel: Apremont.

D'Wéngerte vun Apremont, déi méi am Schiet leien, maache méi e dréchenen an nervöse Wäi mat Silexgoût, wougéint déi vun den Abymes, déi méi an der Sonn leien, e méi mëllen an elegante Wäi maachen.

D'Haaptrief ass de Jacquère, mä et fënnt een och Chardonnay a Mondeuse. Et sinn haaptsächlech liicht wäiss Wäiner déi zimmlech dréchen a sprëtzeg sinn.

Den Domaine des Rocailles ass mat 15 Hektar (+ Drauwe vu 25 Hektar, déi en akeeft), ee vun den Haaptproduzente vun Abymes a mécht och e bësselche rout Wäiner. Dës ginn aus der Mondeuserief gekeltert an duerno an Eechefässer gelagert fir den Aroma z'entwéckelen.

En anere grousse Produzent ass d'Kooperativ Le vigneron Savoyard.