Arbre du Ténéré

Vu Wikipedia
Den Arbre du Ténéré am Joer 1961
Den neien Arbre du Ténéré aus Metallréier
D'Reschter an engem Pavillon vum Nationalmusée vum Niger.

Den Arbre du Ténéré (lb: „Bam vun der Ténéré“) ass e wichtegen Orientéierungspunkt quasi an der Mëtt vun der Ténéréwüüst am Niger. D'Plaz läit eng ronn 240 km nordëstlech vun Agadez, op der Pist déi vun Agadez op Dirkou an op Bilma féiert. Beim Arbre du Ténéré deelt sech d'Pist an zwee, déi nërdlech Streck féiert vun do aus iwwer de Buer Achegour op Dirkou an déi südlech féiert iwwer d'Oas Fachi op Bilma dat eng ronn 40 km am Süde vun Dirkou bei de Kouarklippe läit.

Ursprénglech war den Arbre du Ténéré eng Akazie (Vachellia tortilis subsp. raddiana)[1], déi als isoléiertste Bam vun der Welt gegollt huet - den eenzege Bam am Ëmkrees vu 400 km. D'Akazie gouf 1973 vun engem libesche Camionschauffer ëmgerannt a gëtt haut am Nationalmusée vum Niger an engem eegene Pavillon ausgestallt.[2] Se gouf spéiderhin duerch eng bamänlech Metallkonstruktioun ersat, un där hiren „Äscht“ verchroomt Raddeckelen als Reflektere fir d'Chaufferen an der Nuecht ubruecht goufen.

Et war dee leschten iwwerliewende Bam vun enger Bamgrupp, déi entstanen ass, wéi d'Wüüst nach manner liewensfeindlech wéi hautdesdaags war. De Bam stoung fir vill Joerzéngten eleng. Am Wanter 1938/39 hat d'franséisch Arméi do e Pëtz gebuert, woubäi erauskoum, datt seng Wuerzelen de Grondwaasserspigel an enger Déift vun iwwer 33 Meter erreecht haten.

Dem Pëtz säi Waasser huet allerdéngs eng schlecht Qualitéit.[3] D'Salzkarawanne benotzen déi Plaz fir z'iwwernuechten. D'Lagerplaz vun den Nomade beim Pëtz heescht Ad Azzaouagger.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Arbre du Ténéré – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De verschiddene Quellen no war et entweeder eng acacia tortilis (Méhariste au Niger: souvenirs saharien) oder eng acacia raddiana (Physiologie des arbres et arbustes en zones arides et semi-arides)
  2. lonelyplanet.com - Musée National du Niger
  3. agadez-niger.com: L'arbre du Ténéré, symbole de la survie dans le Sahara