Nationalmusée vum Niger

Vu Wikipedia
Den Nationalmusée vum Niger an de Pavillon mam Arbre du Ténéré (lénks)

Den Nationalmusée vum Niger zu Niamey gëtt et zanter 1958. Vum Abrëll 2008 un huet en den offiziellen Numm Musée national Boubou Hama, benannt nom fréiere President vun der Nationalversammlung vum Niger.[1]

Offiziell ageweit gouf en den 18. Dezember 1959 vum Diori Hamani, dem deemolge President vum Regierungsrot vum Niger. Eréischt 1990 krut en de Statut vun engem établissement public à caractère administratif.

Ausgestallt sinn ethnographesch, archeologesch, paleontologesch a mineralogesch Objeten an Objeten aus der Flora a Fauna vum Land. De Musée, deen eng Gesamtfläch vun 24 ha bedeckt,[2] huet och en Zoo mat 215 Déiere vu 47 verschiddenen Aarten. An engem Pavillon gëtt den originalen Arbre du Ténéré ausgestallt.

Tëscht dem 1. Januar an dem 31. August 2010 hat de Musée 84.100 Visiteuren, dorënner fir de Mount August 300 Auslänner, déi am Niger wunnen, an 200 Touristen.[3] Geschate 60% vun de Visiteure si Schüler.[4]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. medianiger.info: INTERVIEW DU DIRECTEUR DU MUSEE NATIONAL BOUBOU HAMA DE NIAMEY (27. Oktober 2013)
  2. lesahel.org: Visite guidée de parlementaires au Musée national Boubou Hama de Niamey: A la découverte des richesses culturelles et fauniques du Niger (gekuckt den 22. Januar 2014)
  3. nigerdiaspora.net: Musée national Boubou Hama de Niamey: nouvelles pièces, nouveaux publics (6. Oktober 2010)
  4. journaldumali.com: Niger: Le Musée Boubou Hama pris d'assaut par les caravaniers vum Modibo Fofana (2. Juli 2010)