NGC 4631

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Arp 281)
Date vum NGC 4631
Amateur-Foto vun der Walgalaxis (NGC 4631) zesumme mat NGC 4627.
Stärebild Canes Venatici
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Rektaszensioun 12h 42m 08s
Deklinatioun +32° 32' 29"
Ausgesinn
Typ SB(s)d
Visuell Magnitude (visuell) +9,0 m
Visuell Magnitude (B-Band) +9,75 m
Wénkelduerchmiesser 15,2' × 2,8'
Flächenhellegkeet 12,9 mag/arcmin2
Physikalesch Daten
Gehéiert zu der NGC 4631 Grupp (LGG 291)
Distanz zirka 25 Milliounen Liichtjoer
Routverrécklung +0,00202 ± 0,00001
Heliozentresch radial Relativvitess +606 ± 3 km/s
Absolut Hellegkeet  
Absolutten Duerchmiesser zirka 115'000 Liichtjoer
Mass  
Katalogbezeechnungen
NGC 4631, UGC 7865, PGC 42637, MCG +06-28-020, Teil von Arp 281, Holm 442A, IRAS 12396+3249, h 1397, GC 3165

Den NGC 4631, och Walgalaxis oder Hierkegalaxis genannt, ass eng Spiralgalaxis op enger Distanz vu ronn 25 Milliounen Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. Si ass a Richtung Canes Venatici um nërdleche Stärenhimmel vun der Säit ze gesinn. D'Walgalaxis ass ongeféier sou grouss wéi eis Mëllechstrooss a gouf 1787 vum Wilhelm Herschel entdeckt. Hir visuell Hellegkeet huet 9,0 mag, hir Wénkelausdeenung 15,2' × 2,8'. Déi kleng Nopeschgalaxis NGC 4627 mécht eng gewësse Verformung vun der Walgalaxis. Zudeem schéngt si an der Vergangenheet méi dacks an d'Géigend vun der Nopeschgalaxis NGC 4656 komm ze sinn, wourop haut nach Waasserstoff- an aner Gasreschter hiweisen déi tëscht deenen zwou Galaxië sinn.

Vu besonneschem Interessi ass den Halo aus waarmem Gas, deen d'Galaxis ëmmantelt a sech bis zu enger Distanz vu 25.000 Liichtjoer vum galaktesche Plang erstreckt. Vum Fuerschungssatellit Chandra goufen héichopgeléist Fotoe vun der Röntgenemissioun vum Halo gemaach. Et gëtt ugeholl, datt och eis Mëllechstrooss vun engem Halo ëmginn ass.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: NGC 4631 – Biller, Videoen oder Audiodateien